Aarbechtsaccidenter zu Lëtzebuerg an hir eventuell legal Suiten

Vir do méi gewuer ze gi, stellen déi honorabelen Deputéierten Dan Hardy a Michel Lemaire der Madamm Justizminister an dem Här Aarbechtsminister, déi follgend parlamentaresch Fro.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister an un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.

 

De Sonndeg, 11. Januar 2026, ass een 49 Joer ale Mataarbechter vun „Kronospan Luxembourg S.A.“ duerch en tragescht Aarbechtsaccident, dat den Dënschdeg, 6. Januar 2026, geschitt war, un de Suitë vu senge Blessure gestuerwen.

D’ITM féiert Enquêten am Fall vun engem Aarbechtsaccident duerch, fir festzestellen, wéi eng Bestëmmungen aus dem Code du Travail net respektéiert goufen, wouduerch et zum Accident komm ass. No Ofschloss vun dësen Enquêtë ginn d’Procès-verbauxen, wéi am Artikel L.614-12, Punkt (3) vum Code du Travail virgesinn, un de Procureur d’État iwwermëttelt.

An dësem Kontext hu mir follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi vill Procès-verballen huet d’Justiz zanter 2020 vun der ITM iwwermëttelt krut, déi am Zesummenhang mat Aarbechtsaccidenter erstallt goufen?
  2. A wéi ville Fäll ass zanter 2020, nodeems de Procès-verbal un d’Justiz iwwermëttelt gouf, den Dossier vun der Justiz ouni Suite clôturéiert ginn? A wéi ville Fäll ass den Dossier mat enger Verwarnung un den Employeur ofgeschloss ginn? A wéi ville Fäll ass den Dossier duerch en „Jugement sur Accord“ ofgeschloss ginn? A wéi ville Fäll huet den Dossier zu enger penaler Verurteelung gefouert?
  3. Wéi oft huet de Ministère public den Aarbechtsminister an den Direkter vun der ITM iwwert d‘Suitë vun de Procès-verballen informéiert, ewéi et am Artikel L.614-12, Punkt (4) vum Code du Travail virgesinn ass?
  4. Falls dës Informatioun net systematesch weidergeleet gëtt, wéi erkläert d’Justizministesch d‘Ausbleiwe vun enger konsequenter Kommunikatioun?

Mat déiwem Respekt,

Dan Hardy                                                                                                                                   Michel Lemaire
Deputéierten                                                                                                                               Deputéierten

Deel dëse Post: