Duerch der Regierung hirer laang ugekënnegter Pensiounsreform mussen d’Leit, déi schaffe ginn, säit dem 1. Januar all insgesamt 1,5 Prozent zousätzlech an d’Pensiounskeess abezuelen, Suen déi hinnen herno an der Paie feelen. Zousätzlech mussen si méi laang schaffe goen. D’Regierung rechtfäerdegt déi Moossname mat dem Risiko vun Defiziter, déi d’Pensiounskeess vun 2026 u belaascht hätten. Ma ganz sou schlëmm kann et net sinn, well wéi ass soss ze erklären, datt si deenen Alen e puer Deeg drop d’Pensioune pauschal ëm 1,5 Prozent erhéicht huet? D’Regierung argumentéiert mat enger allgemenger Entwécklung vun de Paien. Fält den ëffentlechen Déngscht ären do och mat drënner. Eng parlamentaresch Fro vun der ADR-Ostdeputéiert Alexandra Schoos:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheets- a Sozialminister weiderzeleeden.
Op den 1. Januar goufen d’Pensiounen ëm 1,5 Prozent no uewen ajustéiert, dat op Basis vum Artikel 225 vum Code de la Securité Sociale, souwéi där allgemenger Lounentwécklung. D’Cotisatioun op genee där Masse salariale ass awer d’lescht Joer kaum méi duergaangen, fir d’Ausgabe vun der Pensiounskeess ze decken. Als Reaktioun goufe mëttlerweil d’Cotisatioune fir d’Leit am Beruffsliewen ëm insgesamt 1,5 Prozent erhéicht an d’Aarbechtszäit verlängert.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Gesondheets- a Sozialminister gär dës Froe stellen:
- Wéi héich falen d’Zousazkäschten déi duerch dësen Ajustement entstinn, insgesamt aus? Wéi vill zousätzlech Recetten erwaart d’Regierung sech vun der Erhéijung vun de Cotisatiounen ëm de gläiche Prozentsaz?
- Fléisst d’Gehälterentwécklung am ëffentlechen Déngscht, déi mat der Beruffserfarung jo automatesch klëmmt, an d’Berechnung vum Ajustement mat an? Falls jo, gesäit d’Madamm Minister hei net d’Gefor vun enger statistescher Verzerrung? Kann d’Madamm Minister an deem Sënn matdeelen, wéi héich den Ajustement jeeweils mat an ouni d’Berécksiichtegung vum ëffentlechen Déngscht ausgefall wier?