Neijoerschkaarte vu staatleche Verwaltungen

Neijoerschkaarten a Gléckwonschkaarten oder och Invitatiounskaarte vu staatleche Verwaltunge sinn oft just op Franséisch verfaasst. D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Eis ass opgefall, datt verschidden Neijoerschkaarten, déi mir rezent vun diverse staatleche Verwaltungen oder Servicer kruten, ausschliisslech a franséischer Sprooch verfaasst waren, wärend anerer an allen dräi Verwaltungssprooche vum Land verfaasst waren.

Virun deem Hannergrond erlabe mir eis, der Regierung follgend Froen ze stellen:

  1. Gëtt et innerhalb vun de staatleche Verwaltungen a Servicer eng allgemeng Direktiv oder Recommandatioun am Hibléck op d‘sproochlech Gestaltung vun offizielle Gléckwënsch- oder Festdagskaarten? Wann nee, aus wéi enge Grënn gouf bis elo op esou eng iwwergräifend Reegelung verzicht?
  2. Deelt d‘Regierung d‘Iwwerleeung, dass méisproocheg verfaassten offiziell Gléckwënsch- oder Festdagskaarten – besonnesch ënner Abezéie vun der lëtzebuergescher Sprooch – zur allgemenger Wäertschätzung vun eiser Nationalsprooch bäidroe kënnen?
  3. Plangt d‘Regierung, an Zukunft eng Direktiv oder Recommandatioun auszeschaffen, déi virgesäit, dass offiziell Gléckwënsch- oder Festdagskaarte vu staatleche Verwaltungen oder Servicer systematesch an allen dräi Verwaltungssprooche verfaasst ginn?

 

Foto Copyright: Pixabay

Deel dëse Post: