E Bauerenhaff, dee souguer op engem alen Timber ze gesi war, verfält ëmmer méi. D’Alexandra Schoos an den Dan Hardy ginn där Saach op de Fong.
Fro:
Zu Äischer (Enscheringen) an der Gemeng Kiischpelt ass Ufank November 2025 en zentralen Deel vun engem ronn 300 Joer ale Bauerenhaff agestierzt, obwuel d‘Gebai säit 2024 national a schonns säit 2022 kommunal ënner Denkmalschutz steet. De betraffenen Haff gëllt als kulturhistoresch besonnesch wäertvoll, ass säit dem 18. Joerhonnert dokumentéiert a gouf an engem Avis vun der „Commission pour le patrimoine culturel“ (COPAC) ausdrécklech als erhalenswäert agestuuft. Dësen Avis hat schonns am September 2023 dréngend Sécherungs- an Erhalungsmoossname gefuerdert. Trotzdeem koum et zu kenge wierksamen Interventiounen, sou dass e weesentlechen Deel vun dësem wichtegen Zeie vun eisem Patrimoine mëttlerweil irreparabel verluer ass.
De Fall wërft grondleeënd Froen zur Wierksamkeet vum Denkmalschutz, zur Roll vun den zoustännege Verwaltungen a Servicer wéi och zu de juristesche Barrièrë fir den Denkmalschutz op. Virun dësem Hannergrond géife mir der Regierung gär follgend Froe stellen:
- Wéi bewäert d‘Regierung den irreparabele Verloscht vun engem national klasséierte Gebai?
- Säit wéini war dem Kulturministère bzw. dem INPA de schlechte baulechen Zoustand vum Bauerenhaff zu Äischer bekannt?
- Wéi eng konkret Moossname goufe säit dem alarméierenden Avis vun der COPAC vum 27. September 2023 geholl?
- Firwat goufen déi am Avis ausdrécklech gefuerdert Erhalungsmoossnamen net ëmgesat?
- Gouf gepréift, ob eng „exécution par substitution” duerch de Staat juristesch méiglech gewiescht wier?
- Goufe Moossnamen ergraff, fir de Proprietaire zur Erfëllung vu senge Flichten ze beweegen? Wa jo, wéi eng?
- Firwat gouf keng geriichtlech Entscheedung ugefrot, obwuel den INPA d‘Situatioun als Noutsituatioun agestuuft hat?
- Hält d‘Regierung déi aktuell geriichtlech Prozedure fir gëeegent, fir bei akutem Verfall vu geschützte Gebaier séier genuch ze handelen?
- Wéi eng Moossname si virgesinn, fir déi nach bestoend Deeler vum Gebai ze sécheren? Gëtt eng Rekonstruktioun vum agestierzten Deel a Betruecht gezunn?
- Plangt d‘Regierung d’Denkmalschutzgesetz ze modifizéieren, fir ee méi séiert Agräife bei negligéiertem Privatbesëtz ze erméiglechen? Sinn zousätzlech finanziell oder personell Mëttele fir den INPA virgesinn?
- Wéi vill vergläichbar Fäll vun national geschützten, awer akut gefäerdete Gebaier sinn dem Kulturministère aktuell bekannt?
Foto Copyright: Hubert Hollerich / Tageblatt