2026: Logement, Liewenskäschten, Gesondheetssystem, Renten, Schoul an Zesummenhalt bleiwe grouss Erausfuerderungen – an d’Welt ronderëm eis gëtt net méi roueg.
D’ADR wäert do bleiwen, wou si hierkënnt – mëtten an der Bevëlkerung, mat hire Suergen, Hoffnungen a Fuerderungen. Mat enger klorer Linn, mat Respekt a mat dem feste Wëllen, eist Land net “verwalten” ze loossen, mee et matzegestalten.