Déi héich Stroumpräisser sinn eng direkt Konsequenz vun enger falscher Energiepolitik hei zu Lëtzebuerg, mee och an Däitschland.
Jo, de Bierger muss entlaascht ginn, mee eng Dauersubventionéierung vun de Stroumpräisser ass wéi wann een all Dag Ibuprofen géint d’Péng an d’Entzündung hëlt, mee awer net d’Ursaach selwer ugeet, nämlich déi falsch gréng Energiepolitik.
Souwéisou ginn d’Subventioune vun eise Stéiersue bezuelt, och wann d’Regierung seet si géifen d’Netzkäschte vum Stroumréseau iwwerhuelen an domat de Stroumpräis senken.