Nei Technologië wéi „Carbon Dioxide Removal“ oder „Solar Radiation Management“ verspriechen Agrëffer an d’Klimasystem – ma wat fir Projete gëtt et zu Lëtzebuerg? A wéi ginn d’Auswierkungen op Gesondheet, Biodiversitéit an Ëmwelt bewäert?
An eiser parlamentarescher Fro wëlle mir ë.a. wëssen:
Geoengineering-Programmer wéi „Carbon Dioxide Removal“ (CDR) an „Solar Radiation Management“ (SRM) gräifen déif an d’Klima- an d’Äerdsystemer an. Si ginn am Kader vum EU-Fuerschungsprogramm „Horizont Europa“ wëssenschaftlech ënnersicht a gefërdert. Déi Verantwortlech mussen hir Projeten aktiv vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet an de Medie kommunizéieren.
An dësem Kontext hätte mir follgend Froen:
- Wéi eng Fuerschungs- oder Pilotprojeten am Zesummenhang mat Geoengineering (besonnesch CDR an SRM) lafen aktuell zu Lëtzebuerg oder ënner Bedeelegung vu lëtzebuergeschen Institutiounen – souwuel am Kader vun „Horizont Europa“ wéi och vun aneren EU-Programmer an op wéi eng Montante belafe sech déi betreffend Käschten?
- A wéi enge Gremien (Programmausschëss, nationale Kontaktstellen asw.) wierkt Lëtzebuerg un der Ausriichtung vun „Horizont Europa“ mat a wéi hëlt d’Regierung Afloss op Ausschreiwungen a Fërderprioritéiten am Beräich Geoengineering?
- Wéi eng national Rechtsgrondlagen a Geneemegungspflichte gëllen aktuell fir Geoengineering-Fuerschung mat méiglechen Agrëffer an Ëmwelt, Klima oder Atmosphär? Gesäit d’Regierung Lücken oder Onkloerheeten an der Gesetzgebung? Wa jo, wéi eng? A berécksiichtegt si dobäi och d’Diskussiounen an d’Reegelungsusätz an aneren EU-Memberstaaten als Vergläichs- a Referenzmodell?
- Deelt d’Regierung d’Usiicht vu weltwäite Governance- a Fachinstitutiounen, datt besonnesch SRM-Moossnamen erheblech, grenziwwerschreidend Risike fir Klima, Biodiversitéit, Landwirtschaft, Waasserhaushalt, Gesondheet a gesellschaftlech Stabilitéit bierge kéinten? Wa jo, wéi eng Konsequenzen zitt si doraus fir d’Zouloossung an d’Duerchféierung vu Fuerschungsprojeten?
- Wéi bewäert d’Regierung aus ethescher a vëlkerrechtlecher Siicht – ënner Bezuch op einschlägeg Konventioune wéi z. B. d’Biodiversitéitskonventioun – d’Entwécklung an déi méiglech Uwendung vu groussskalegen Geoengineering-Projeten? Wéi eng Positioun vertrëtt Lëtzebuerg dozou an EU-Gremien an an internationale Foren?
- Ass d’Regierung bereet, op lëtzebuergeschem Staatsgebitt groussskaleg Geoengineering-Fräilandexperimenter oder Reallaboen zouzeloossen? Wa jo, ënner wéi enge materielle Kriterien a wéi enge verfahrensrechtleche Garantien?
- Wéi ass d’Haftung gereegelt bei eventuelle Schied fir Mënsch, Ëmwelt oder Sachgüter, déi duerch en Geoengineering-Projet mat lëtzebuergescher Bedeelegung verursaacht ginn:
- bei Projeten ausserhalb vu Lëtzebuerg an
- bei Projeten op lëtzebuergeschem Staatsgebitt?
Dréit de lëtzebuergesche Staat an esou Fäll eng (Mat-)Haftung oder politesch Verantwortung a wéi gëtt dës vis-à-vis vun den ausféierenden Institutiounen an EU-Institutiounen ofgeséchert?
- Wéi eng Moossnamen ergräift d’Regierung, fir Parlament, Gemengen an d‘Ëffentlechkeet iwwer lafend oder geplangten Geoengineering-Projete mat lëtzebuergescher Bedeelegung ze informéieren (z. B. ëffentlech zougänglech Projetslëschten, reegelméisseg Berichter un d’Chamber, Informatiounsveranstaltungen, oppen Daten zu Risikobewäertungen)?
Mat déiwem Respekt,
Dan Hardy Alexandra Schoos
Deputéierten Deputéiert