Datt den Héichschoulministère digital Ënnerschrëften net ëmmer akzeptéiert, verwonnert, well dee Ministère jo och fir Digitaliséierung zoustänneg ass. D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig froen no.
Fro:
An der Lëtzebuerger Verwaltung existéieren nach ëmmer inselkaartenaarteg Digitaliséierungsprozesser. Sou benotze bzw. akzeptéiere verschidde Servicer digital Ënnerschrëften, wärend anerer weiderhi just handschrëftlech Ënnerschrëften zouloossen.
An deem Kontext ass eis zu Ouere komm, dass a leschter Zäit verschidde Patronen a Schoulen sech driwwer beschwéiert hunn, dass „conférencier spécialisé“-Kontrakter, déi am Kader vun der BTS-Formatioun ofgeschloss a vun de Bedeelegten digital ënnerschriwwe goufen, vum zoustännegen Héichschoulministère net akzeptéiert gi sinn. De Ministère géif drop bestoen, dass all d‘Ënnerschrëften handschrëftlech ze leeschte sinn, obschonns d‘Schoulen entspriechend digital Formulare benotzen, déi vum Ministère selwer bereetgestallt ginn.
Dës Contrainte géif zu widderhuelten Neiausstellunge vun den Dokumenter, zu organisatoresche Verzögerungen, zousätzlecher Aarbechtsbelaaschtung an zu enger wuessender Veronsécherung bei alle Bedeelegte féieren.
An deem Zesummenhang hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Aus wéi engem Grond akzeptéiert de Ministère digital Ënnerschrëften op „conférencier spécialisé“-Kontrakter aktuell net, obschonns d‘Schoulen entspriechend digital Formulare benotzen, déi vum Ministère selwer bereetgestallt ginn?
- Existéiert eng legal Basis, déi de Ministère zur Ofleenung vun digitalen Ënnerschrëfte verflicht oder berechtegt? Wa jo, wéi eng? A wéiwäit steet déi entspriechend Bestëmmung am Aklang mat den nationalen an europäesche Reegelen zur elektronescher Ënnerschrëft (eIDAS)?
- Wéi eng Aarte vun digitalen Ënnerschrëften (agescannt Ënnerschrëft, qualifizéiert elektronesch Ënnerschrëft, asw.) ginn aktuell vum Ministère akzeptéiert bzw. ofgeleent?
- Wéi vill „conférencier spécialisé“-Kontrakter goufen am lafenden an am vergaangene Joer opgrond vun der Aart/Form vun den Ënnerschrëften zréckgewisen?
- Wéi eng Moossname plangt de Ministère, fir sécherzestellen,
- dass Schoulen a Betriber kloer, eenheetlech a fiabel Informatiounen zur Gültegkeet vun digitalen Ënnerschrëfte kréien,
- an dass Kontrakter an Zukunft ouni onnéideg Verzögerungen ofgeschloss kënne ginn?
- Ass eng vollstänneg Digitaliséierung an domat och d‘Optioun vun enger elektronescher Ënnerschrëft bei den „conférencier spécialisé“-Kontrakter geplangt, sou wéi dat an anere staatleche Beräicher Praxis ass? Wa jo, bis wéini? Wann nee, firwat net?