An enger aktueller parlamentarescher Fro thematiséiert den ADR-Deputéierte Fred Keup déi staatlech Ënnerstëtzung fir d’Zäitschrëft queer.lu, déi vum Staatsministère an dem Ministère fir Geschlechtergläichheet kofinanzéiert gëtt.
Ausléiser si Publikatiounen an der Hierschteditioun, an deenen dozou opgeruff gëtt, sou vill wéi méiglech Stickere vu lénke Kollektiver ze bestellen an domat den ëffentleche Raum zouzepechen – e praktesche Verstouss géint gülteg Gemengereglementer. Op engem abegraffene Sticker steet souguer: „Stierw Finanzplaz.“ Et stellt sech d’Fro, wéi esou Messagen an engem LGBTQ+-Magazine gerechtfäertegt kënne ginn an ob dës Form vu politescher Polariséierung mat Steiergelder soll ënnerstëtzt ginn.
Hei déi parlamentaresch Fro un déi betreffend Minister:
Lëtzebuerg, den 8. Dezember 2025
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an un d’Madamm Minister fir Chancegläichheet weiderzeleeden.
queer.lu publizéiert véier Mol am Joer eng Zäitschrëft iwwert LGBTQ+-Thematiken. Dës Publikatioune ginn ënnerstëtzt vum Staatsministère a vum Ministère fir Geschlechtergläichheet an Diversitéit, déi och explizit an der Zäitschrëft opgelëscht sinn.
An der Hierschteditioun vun dëser Zäitschrëft goufen eng ganz Rei un Inhalter publizéiert, déi – och legal gesinn – problematesch sinn. Esou gëtt ë.a. dozou opgeruff, esou vill wéi méiglech Stickere bei lénke Kollektiver ze bestellen an domat den ëffentleche Raum zouzepechen. Op engem Beispill-Sticker, deen an der Zäitschrëft ofgedréckt ass, steet: “STIERW (sic!) FINANZPLAZ.” En onkontrolléiert Zoupeche vum ëffentleche Raum verstéisst géint d’Gemengereglementer, déi den Affichage am ëffentleche Raum reegelen. Des Weidere stellt sech d’Fro, wat fir een Zesummenhang tëscht LGBTQ an Haass op d’Finanzplaz besteet.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
-
- Wéi eng finanziell Ënnerstëtzung kritt queer.lu pro Joer vum Staatsministère a vum Chancegläichheetsministère?
- Deelt d’Regierung d’Usiichte vu queer.lu, déi dozou opruffen, den ëffentleche Raum onkontrolléiert zouzepechen, ë.a. mat Messagen, ewéi “Stierw(sic!) Finanzplaz”?
- Wéi ass et an den Ae vun der Regierung ze verantworten, datt si eng Zäitschrëft ënnerstëtzt, déi déi uewe genannten Inhalter publizéiert?
Mat déiwem Respekt,
Fred Keup
Deputéierten