Auto- a Vëlosfuerer: ass virum Gesetz jidderee gläich?

Säit 2018 mussen Autoschaufferen op mannst 1,5 Meter Ofstand halen, wann si e Vëlo iwwerhuelen. Dat mécht Sënn, schliisslech gëtt de Risiko fir d’Vëlosfuerer esou reduzéiert. Ma wa Gesetzer zu engem sengem Schutz erlooss ginn, kann d’Allgemengheet sech ëmsou méi erwaarden, datt een sech och selwer dorun hält. Dat schéngt hei awer net ëmmer de Fall ze sinn. Ëmmer nees berichten Autoschaufferen dovun, datt Vëloen sech am Stau op eemol laanscht si quetschen. Wann et da rëm viru geet, mussen si trotzdeem oppassen, iergendwéi op 1,5 Meter laanscht ze kommen. Reegele gëlle fir jiddereen an d’Fliicht vun der Regierung, déi eege Gesetzer ouni Ausnam duerchzesetzen, gëllt hei ëmsou méi, wou dach op mannst säit Gambia I drop higeschafft, d’Zuel vun de Vëlosfuerer massiv ze erhéijen. Wäert d’Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes d’Vëlosfuerer an Zukunft ugemoossen un hir Verantwortung erënneren? Eng parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Säit 2018 schreift de Code de la Route Automobilisten déi e Vëlo iwwerhuelen, e Mindestofstand vun 1,5 Meter vir. Dat mam Zil, d’Sécherheet vun de Vëloen ze erhéijen an d’Zuel vun den Accidenter ze reduzéieren. Ëmgekéiert kënnt et awer grad am Fall vu Stau an zu Stousszäiten dacks vir, datt Vëlosfuerer probéiere laanscht d’Autoen ze schlängelen, fir sech zum Beispill bis un d’Spëtzt bäi enger rouder Luucht virzedrécken. De Mindestofstand gëtt dobäi net respektéiert.

Fir d’Chauffere vun de motoriséierte Gefierer bedeit dat Verhalen zousätzleche Stress, well et schwéier ass, den doudege Wénkel konstant ze iwwerblécken, besonnesch wann d’Verkéiersdynamik op eemol, z.B. wéinst enger grénger Luucht, nees zouhëlt. An deem selwechte Sënn ginn d’Chauffere genéidegt, trotzdeem laanscht de Vëlo ze fueren, oder sech an all déi hannendrun auszebremsen (mat allen, mënschlech novollzéibare Reaktiounen, déi esou eng Decisioun mat sech bréngt). Ëmgekéiert sinn si hirersäits engem erhéichte Sécherheetsrisiko ausgesat, well en Ablack vun Opmierksamkeet wärend deem wuertwiertlech Geknéchels laanscht hir Gefierer, zum Beispill duerch en ongewollte Schlenk vum Giddong liicht eng Schréips oder souguer eng Téitsch verursaache kann, ouni, datt si een identifizéieren oder op Farerflucht duerch de Vëlo reagéiere kéinten.

Autoschauffere ginn duerch d’Securité routière reegelméisseg op méiglecht Feelverhalen an d’Konsequenze vu vermeintlech klengen Incivilitéiten higewisen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister bestätegen, datt Vëlosfuerer d’Ofstandsreegel, déi zu hirer Sécherheet opgestallt gouf, reegelméisseg verletzen? Wéi reagéiert si dorop?
  • Wéi dacks goufe säit der Aféierung vun der 1,5 Meter Reegel am Code de la Route Kontrolle gemaach, fir geziilt Vëlosfuerer ze identifizéieren, déi am Fall vu méi luesem oder stoendem Verkéier méi no wéi 1,5 Meter laanscht d’Autoe gefuer sinn? Wéi vill Geldstrofe goufen an deem Sënn verhaangen?
  • Gesäit d’Madamm Minister an Zukunft och geziilt Campagnë laanscht d’Vëlospiste vir, fir op gesetzlech Flichten, oder allgemeng Recommandatiounen, wéi z.B. den Helm opmierksam ze maachen? Falls net, firwat net?
  • Gesäit d’Madamm Minister vir, fir Vëlosverbänn, déi Sue vum Ministère kréien an Zukunft mat an d’Flicht ze huelen, fir hir Memberen ze sensibiliséieren? Falls net, firwat net?

 

Deel dëse Post: