Mat der DP & Co. krute mer:
• Franséisch an de Crèchen
• Franséisch an der Spillschoul
• Franséisch an der Beruffsausbildung
• Franséisch an der Educateursausbildung (Zweesproochegkeet gëtt ofgeschaaft)
• Si maache just nach international Schoulen op
• Si wëllen eng franséisch Alphabetiséierung
• Si hunn de Sproochniveau, fir Lëtzebuerger ze ginn, erofgesat
• Ëmmer méi Plaze beim Staat ginn u Fransousen an net u Lëtzebuerger
• D’Sproochekrittäre beim Staat ginn ëmmer méi erofgesat
• Beim Staat ginn Auslänner agestallt, déi keen Däitsch a kee Lëtzebuergesch kënnen, just Franséisch. Lëtzebuerger gi refuséiert. (Souguer bei der Chamber!)
• Als Lëtzebuerger, deen net gutt Franséisch kann, gëss de an dengem eegene Land diskriminéiert
De Claude Meisch frankophoniséiert eis Schoul, frankophoniséiert eis Kanner a frankophoniséiert eist Land.
Mir verléieren eis Méisproochegkeet, déi däitsch Sprooch, a mir verléiere Lëtzebuergesch an eis Kultur an Identitéit.
D’Strategie vum Claude Meisch ass: Lues a lues ëmmer méi.
Well d’Evolutioun ass jo déi hei: Den Här Meisch seet, e wéilt d’Sproochen am traditionelle Lycée iwwerdenken: Dat heescht jo sécher net, Franséisch oder Englesch ewechzeloossen
A fir deem Ganzen nach d’Kroun opzesetzen, gëtt esou eng wichteg Entscheedung getraff, ouni d’Vollek ze froen. Et gëtt iwwer d’Käpp vun de Lëtzebuerger ewech entscheet
Et gëtt Zäit, dass d’Leit dat do mierken an sech wieren. Wa mir elo näischt maachen, da gëtt et kee Lëtzebuerg méi an Zukunft