An Zukunft soll een CFLs-Billjeeë fir d’éischt Klass am Zuch net méi am Guichet kafe kënnen. D’Méiglechkeet vum Automat bleift zwar bestoen, ma d’CFL mécht virun allem Reklamm fir d’App. Just, bor kann een hei wuel kaum bezuelen, obwuel Boergeld gesetzlech Bezuelungsmëttel (monnaie légale) ass. Kann ee bäi der CFL och iwwert den 1. Januar 2026 eraus nach bor bezuelen? Eng parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Leit, déi dëser Deeg mam Zuch ënnerwee sinn, kréie Flyeren ausgedeelt, wouno si d’Tickete fir d’éischt Klass an Zukunft weder méi am Bus, nach an de Guichete vun der CFL kënne kafen. Amplaz gëtt virun allem de Verkaf iwwert d’App promouvéiert.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Wéi ass déi Decisioun begrënnt, zousätzlech zum novollzéibaren Enn vum Verkaf am Bus och de Verkaf an de Guicheten anzestellen?
- Bedeit d’Astellung vum Verkaf vu Billjeeë fir den nationale Reseau, datt d’Guicheten zougemaach ginn? Falls jo, wéi eng Gare si betraff a wéi eng alternativ Aufgabe soll d’Personal dann iwwerhuelen? Falls net, wéi eng Zerwisser ginn dann an Zukunft am Guichet ugebueden?
- Ass weiderhi garantéiert, datt d’Leit hir Zuchtickete fir d’éischt Klass och wärend der Faart bäim Schaffner kafe kënnen?
- Ass weiderhi séchergestallt, datt d’Leit hir Ticketen um Automat a beim Schaffner kënne bor bezuelen?