Op der A3 gi Leit, déi eleng am Auto sëtzen, vun där neier Spuer komplett ausgeschloss an extra zu deem Zweck goufe spezifesch Radaren installéiert. Op där anerer Säit sinn d’Busspueren op de Landstroossen de gréissten Deel vun der Zäit ongenotzt, wärend sech ronderëm de Stau billt. Kéint de Modell vun der A3 net och hei genotzt ginn, amplaz e gudden Deel vun der Strooss eidel ze loossen? Eng parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
D’Ausweise vu spezielle Busspuere gehéiert säit ville Joren zum feste Moossnamekatalog vun all Regierung fir d’Promotioun vum ëffentlechen Transport. Et kann awer emol virkommen, datt op mannst en Deel vun deene Linnen, fir déi eng Busspuer ursprénglech geduecht war, iergendwann entfalen. Esou zum Beispill am Fall vun der Busspuer op der N11 tëschent dem Waldhaff an Dummeldeng, déi vun de Buslinnen 201 an 211 (déi fréier 110 an 111) net méi benotzt gëtt, well dës mëttlerweil iwwert de Kierchbierg an d’Stad erafueren. Gläichzäiteg kann den ursprénglechen Zweck vun der Busspuer, nämlech besonnesch wärend de Stousszäiten e pünktlechen Trajet ze assuréieren, entfalen, well de Verkéier duerch eng nei Streckeféierung reduzéiert gëtt. Op en neits kann een e Beispill vun der N11 nennen, wou de Jonglënster Bierg a Richtung Stad weiderhin eng Busspuer enthält, obwuel den Haaptverkéier säit ville Joren iwwert de Contournement geet. Busspuere sinn duerfir dacks wéineg ausgelaascht.
Nieft dem ëffentlechen Transport kann och eng verbessert Auslaaschtung vu private Gefierer dozou bäidroen, d’Verkéiersopkommes ze reduzéieren a méi eng flësseg Gestioun ze erméiglechen. An deem Sënn test d’Regierung op der A3 aktuell d’Auswierkung vun enger kombinéierter Spuer fir d’Bussen (souwéi Rettungsdéngschter, Taxien asw.) a Fuergemeinschaften, wou op mannst zwee Leit am Auto sëtzen.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell zu der Evolutioun vun de Busspuere presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill esou Spuere vun 1994 bis 2024 jeeweils nei ausgewise goufen, wéi vill der gestrach goufen, op wéi enger Streck an op wéi enger Plaz se sech befannen a vu wéi enge Linnen se jeeweils genotzt gi sinn? Kann d’Madamm Minister, falls méiglech, einfachheetshalber duerchgoend d’Nummere vun de Buslinne benotzen, esou wéi se säit der Reform vun 2022 üblech sinn?
- Kéint d’Madamm Minister sech, falls duerch d’Erfarungswäerter op der A3 kann e positiven Impakt nogewise ginn, virstellen, besonnesch déi am mannsten ausgelaaschte Busspueren och fir Fuergemeinschafte vun zwee Leit a méi fräizeginn?