“Noutfall-Kit” vun infocrise.lu

Zu engem aus kommunikativer Siicht net ganz ausgeräiften “Noutfall-Kit” vun infocrise.lu huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un de Premierminister.

Fro:

Infocrise.lu ass en offizielle Krisen-Informatiounsportail vum Staat, iwwer deen den Haut-Commissariat à la protection nationale d’Bevëlkerung a Krisenzäiten informéiert. Op der offizieller Homepage vun infocrise.lu gëtt en Dokument mam Titel „Notfall-Kit“ zur Verfügung gestallt. Gläich am aleedenden Abschnitt liest een: „Es ist ratsam, zu Hause ein Notfall-Kit zusammenzustellen, falls man einige Tage zu Hause, im Falle einer Ausgangssperre; draußen, im Falle der Anordnung der Evakuierung, auf sich selbst gestellt ist.“

De Begrëff „Ausgangssperre“ ass säit der Covid-Zäit bei ville Leit staark negativ konnotéiert a rifft bei hinne Mësstrauen, Ofleenung a Stressreaktiounen ervir. Och de Begrëff „Evakuierung“ kéint op verschidde Leit alarmistesch wierken. D’Dokument, sou d’Meenung vu Leit, déi eis drop ugeschwat hunn, géif zwar eng gutt Iwwersiicht bidden, wier awer kaum gëeegent, fir d’Bierger op eng Ausnamesituatioun virzebereeden.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Premierminister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, ob d’Dokument inhaltlech, psychologesch a kommunikativ gepréift gouf, an, wa jo, vu weem?
  • Eng Evakuéierung ass en Extreemszenario. Ass den Här Minister der Meenung, datt dëse Begrëff seng Plaz huet an engem Dokument, dat eigentlech op Berouegung an Orientéierung ofzile sollt? Ass dem Här Minister bewosst, dass sou eng Formuléierung (wéi och „Ausgangssperre“) Mësstrauen an Angscht bewierke kann?
  • Wéi eng Leitlinnen notzt de Staat allgemeng fir d‘Gestaltung vu Krisen- a Resilienzdokumenter?
  • Ginn et konkret Krisen- a Resilienzpläng fir Lëtzebuerg am Fall vun
    1. engem Krich
    2. enger Pandemie
    3. engem Nuklearaccident?
  • Ass en Iwwerschaffe vum Dokument geplangt, fir eng fachlech méi korrekt a psychologesch méi stabil Krisekommunikatioun sécherzestellen?

Deel dëse Post: