Wat geschitt mat enger Gesellschaft, déi keng Geschichte méi erzielt? Déi un näischt Groussaarteges méi gleeft; déi och un näischt méi gleeft, wat méi grouss ass wéi si selwer? Esou eng Gesellschaft bréngt Individuen ervir, déi keng Perspektive méi gesinn, déi keen Sënn méi fannen. An dann? Selbstmord als leschten Auswee? Besonnesch tragesch, wann esou ee Gedanke bei Kanner a Jugendlechen opkënnt an zu der ernimmter Katastroph féiert.