Aarmut: Zuelen ?

Hei fannt dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nr. 2906  huet den Här Familljeminister geäntwert, datt ,,laut de leschten Donnéeë vum STATEC waren am Joer 2024 18,1 % vun der Bevëlkerung dem Aarmutsrisiko ausgesat.’’

Et ass esou, datt d’Aarmut hei am Land ënnerschiddlech Facetten huet. Ënnert deene Leit, déi dem Aarmutsrisiko ausgesat oder direkt vun Aarmut betraff sinn, ginn et Betraffener, déi keng Schaff hunn, awer trotzdeem probéieren, erëm op d’Been ze kommen, andeems se no enger Aarbecht sichen, an der Hoffnung, nees e wierdegt Liewe kënnen ze féieren. Den Här Minister hat annoncéiert, datt d’Regierung Enn dës Joers en nationalen Aarmutsplang presentéiere wäert.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  1. Leien dem Här Minister Statistike vir, wéi vill Leit duerch Aarbechtslosegkeet an enger Aarmutssituatioun waren an duerch eng nei Aarbecht aus där Situatioun erauskomm sinn, fir nees e wierdegt Liewen ze féieren?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: