Wéi héich sinn d’Iwwerweisungen an Drëttlänner

Och zu Lëtzebuerg iwwerweise Leit, déi hei agewandert sinn, all Joers héich Beträg un hir Familljememberen am Ausland. Sou laang et sech dobäi ëm eege verdéngte Suen handelt (déi iwwerdeems hei jo scho versteiert goufen), kee Probleem. Mee wéi ass séchergestallt, datt Sozialleeschtungen hei kenge friemen Zwecker zoufléissen. De Fred Keup verlaangt Detailer:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Verschiddenen internationale Statistiken no, ënner anerem vun “The global Economy” goufe vu Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, säit 2018 all Joers iwwer zwou Milliarden Euro u Familljememberen a méi aarme Länner iwwerwisen, sougenannten “remittance flows”. En Artikel an der däitscher Dageszeitung “Die Welt” huet viru kuerzem drop higewisen, datt am Fall vun eisem Nopeschland an deem Kader och Sue fléissen, déi aus Sozialleeschtunge stamen. Esou eng Praxis géif net nëmmen der Grondiddi, datt de Sozialstaat d’prekär Situatioun vu Leit hei am Land soll opfänken, widderspriechen, mee och e klore Feelureiz fir eng bewosst Awanderung an de Sozialstaat duerstellen. Zousätzlech feelen déi Suen eiser Ekonomie.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Finanzminister gär dës Froe stellen:

  • Kann den Här Minister déi Zuele bestätegen? Vu wéi enger Institutioun ginn déi Zuelen hei am Land erhuewen?
  • Kann den Här Minister eng Tabell presentéieren, déi jeeweils déi zéng wichtegst Empfängerlänner vun deene sougenannte “remittance flows” fir deen uewe genannten Zäitraum presentéiert an dobäi fir all Joers de jeeweilege Montant preziséieren?
  • Kann den Här Minister elaboréieren, op wéi eng Manéier sécher gestallt ass, datt hei keng Sue fléissen, déi aus staatlechen Zouwennunge stamen?

 

Deel dëse Post: