Dronen iwwer Europa!

Hei déi betreffend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Tom Weidig:

Lëtzebuerg, den 8. Oktober 2025

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an un d’Madamm Verdeedegungsminister weiderzeleeden.

An de leschte Méint gouf aus verschiddenen NATO-Staate vill iwwer Droneniwwerflich bericht. An der Belsch, an Däitschland, Dänemark, Estland, Norwegen, Polen a Rumänien goufen onbekannt Dronen esouguer iwwer kriteschen Infrastrukture gesinn. Autoritéiten am Norde vun Däitschland verfollegen de Verdacht, dass dës Dronen systematesch Installatiounen ausspionéieren; wien hannert dësen Asätz stécht ass net kloer. Et huet sech bis elo nach keen offiziell dozou bekannt.

Wärend an Däitschland op de Wee bruecht gëtt, dass nieft der Polizei an der Bundespolizei och a bestëmmte Situatiounen d’Bundeswehr d’Kompetenz soll kréien, fir am Noutfall Dronen ofzeschéissen, gëtt et zu Lëtzebuerg bis elo kee Mandat an dësem Beräich. Laut enger Äntwert vun der Regierung huet d’Police zu Lëtzebuerg am Joer 2025 zwar 39 Meldungen iwwer onerwënschten Droneflich registréiert – meeschtens iwwer Privatterrainen – awer keng eenzeg Meldung vu Bedreiwer vu kritescher Infrastruktur.

An dësem Kontext hätt ech follgend Froen:

  1. Goufe verdächteg Droneflich zënter Ufank vum Joer an der Géigend vu sensiblen Ariichtungen (Energieversuergung, Flughafen, Regierungsgebaier) zu Lëtzebuerg registréiert? Wa jo, wéivill a wat fir Erkenntnesser ginn et iwwer Hierkonft an Zweck vun dëse Flich?
  2. Iwwer wat fir technesch Systemer zur Detektioun an Identifikatioun vu verdächtegen Drone verfüügt de Staat? Wéi eng Instanzen zu Lëtzebuerg hunn den Optrag respektiv d’Fäegkeet, dat ze maachen an ze mellen? Gëtt et eng Koordinatiounstell?
  3. Wéi gesäit d’Kooperatioun mat den Nopeschlänner, der NATO an der EU beim Informatiounsaustausch iwwer verdächteg Dronenaktivitéiten aus? Gëtt et gemeinsam Asazpläng fir d‘Grenzregioun?
  4. Iwwer wat fir technesch Systemer zur Neutraliséierung vu verdächtegen Drone verfüügt de Staat? Gëtt diesbezüglech en Ënnerscheed tëscht deene verschiddenen Typpe vun Drone gemaach?
  5. Wéi eng Instanzen zu Lëtzebuerg hunn d’Exekutivgewalt, fir bei enger akuter Bedroung duerch eng Dron anzeschreiden? Läit d’Kompetenz exklusiv bei der Police oder kann am Fall vun enger eskaléierender Gefor och d’Arméi ageschalt ginn? Wéi gëtt d’Koordinatioun tëscht de verschiddenen Instanzen am Noutfall gereegelt? Ginn et do schonn intern Prozeduren, déi dat reegelen?
  6. Ass et rechtlech méiglech, Dronen am Noutfall ze neutraliséieren? Wat sinn d’Kriterien, fir eng Dron däerfen ze neutraliséieren? A wéi engem gesetzleche Kader beweegt sech esou en Asaz? Plangt d’Regierung am Kontext vun den Debatten an Däitschland an an aneren EU-Länner, déi gesetzlech Grondlage fir d’Ofwier vu feindlechen Dronen ze präziséieren oder auszebauen? Wa jo, wat fir Ännerunge si virgesinn a wéi ass den Zäitplang?
  7. Gëtt et national kritesch Infrastrukturen (z.B. Regierungsgebaier, Energieanlagen, militäresch Installatiounen asw.), déi aktuell scho mat permanente Stéiersystemer oder anere Schutztechnologien ausgerüst sinn, fir potenziell Dronenattacken ofzewieren?
  8. Ass Lëtzebuerg an déi vun der EU geplangten „Dronemauer“ fir d’Iwwerwaachung an de Schutz vun den Aussegrenzen agebonnen?

Mat déiwem Respekt,

Tom Weidig, Deputéierten

Hei fannt Dir dat orginaalt Dokument vun der parlamentarescher Fro.

Deel dëse Post: