Hei eng parlamentaresch Fro vum Zentrums-Deputéierten Tom Weidig:
Lëtzebuerg, den 8. Oktober 2025
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verdeedegungsminister weiderzeleeden.
D’“Association Mutualiste Grand-Ducale des Militaires et Anciens Militaires Luxembourgeois“ (AMAM) gouf am Joer 1893 gegrënnt. An hirer Selbstbeschreiwung ënnersträicht si, de Korpsgeescht ënnert Ënneroffizéier an eelerem Militärpersonal ze erhalen, d’Komerodschaft ze fërderen a krank Membere souwéi Hannerbliwwener finanziell ze ënnerstëtzen. No eiser Aschätzung, versteet si sech als solidaresch Selbsthëllefsorganisatioun, mee net als klassesch Veteranevertriedung.
D’“World Veterans Federation“ nennt als eenzeg Veteranenorganisatioun aus Lëtzebuerg d‘“Association des Anciens Combattants 1939-1945, des Forces des Nations Unies et des Soldats de la Paix Luxembourgeois“ (AACSPL), déi sech virun allem u Veteranen aus dem Zweete Weltkrich an aus UN-Missioune riicht.
Eng national Veteranenorganisatioun, déi all fréier Zaldoten aus der moderner Lëtzebuerger Arméi vertrëtt, existéiert bis haut net.
An dësem Kontext hunn ech follgend Froen:
- Firwat gëtt et zu Lëtzebuerg keng Veteranenorganisatioun, déi d’Interesse vun alle fréieren Zaldote vun der aktueller Lëtzebuerger Arméi vertrëtt? Gesäit d’Regierung d’AMAM – déi laut hire Statuten op géigesäiteg Hëllef ausgeriicht ass – als Ersatz fir esou eng Organisatioun, obwuel si keng politesch Vertriedungsfunktioun huet?
- Plangt d’Regierung, d’Grënnung oder den Opbau vun enger nationaler Veteranenorganisatioun ze initiéieren oder ze ënnerstëtzen? Falls jo, wéi eng Schrëtt sinn dofir virgesinn a wéi een Zäitplang gëtt ugestrieft? Falls nee, aus wéi enge Grënn gëtt dorop verzicht?
- Wéi gëtt aktuell garantéiert, datt fréier Zaldoten, besonnesch Réckkéierer aus NATO-, EU- oder UN-Missiounen, adequat representéiert a betreit ginn, wa si kenger eegestänneger Veteranenorganisatioun kënnen ugehéieren? Gëtt et Iwwerleeungen, e spezielle Veteranestatus mat entspriechende Rechter a Leeschtungen anzeféieren?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig, Deputéierten
Hei fannt Dir dat originaalt Dokument vun der parlamentarescher Fro.