Réckféierungszentre fir ofgeleent Asylbewerber…

Liest hei déi parlamentaresch Fro vun den ADR-Deputéierte Fred Keup an Tom Weidig:

Lëtzebuerg, den 8. Oktober 2025

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Aktuell drängen e puer EU-Regierungen op d’Schafe vu Réckféierungszentre fir ofgeleent Asylbewerber an Drëttstaaten: Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt wëll „Return Hubs“ no bei den Hierkonftslänner ariichten, déi hollännesch Iwwergangsregierung huet eng Absichtserklärung mat Uganda iwwer esou een Zentrum ënnerschriwwen. Och d’Lëtzebuerger Regierung huet ewell e puer Mol d’Noutwendegkeet vun europäesche Léisunge betount, setzt gläichzäiteg awer op séier Integratioun, den Ausbau vu Strukturen an eng fräiwëlleg Réckféierung iwwer d’Maison de retour, déi 2024 opgaangen ass.

An dësem Kontext hu mir follgend Froen:

  1. Wéi beurteelt d’Regierung déi an Däitschland an an Holland diskutéiert Modeller, bei deenen ofgeleent Asylbewerber an Drëttstaaten ënnerbruecht ginn?
  2. Huet Lëtzebuerg am Kader vum EU-Migratiounspakt Gespréicher iwwer eng Participatioun un esou externe Réckféierungszentre gefouert oder entspriechend bilateral Kontakter (z.  mat Uganda, Albanien oder nordafrikanesche Staaten) opgeholl?
  3. Deelt d’Regierung d’Aschätzung vum Här Minister Hahn, dass europäesch Léisungen onëmgänglech sinn, a schléisst si d’Optioun vu Réckféierungszentre baussent der EU explizit aus?
  4. Wéi wäert d’Regierung sécherstellen, dass Mënscherechtsstandarden agehale ginn, falls d’EU sech op Réckféierungszentren an Drëttstaaten eenegt?

Mat déiwem Respekt,

Fred Keup, Deputéierten   Tom Weidig, Deputéierten

Hei fannt Dir dat originaalt Dokument vun der parlamentarescher Fro.

Deel dëse Post: