An enger Lëtzebuerger Primärschoul koum et rezent zu enger Aggressioun géint e jüddescht Kand. Zu dësem Virfall huet de Fred Keup e puer Froen un de Ministère.
Fro:
An der Sendung “Invité vun der Redaktioun” op RTL ass een de 7. Oktober 2025 gewuer ginn, dass et dëst Joer fir d’éischte Kéier zu enger physescher Aggressioun géint e jüddescht Kand an enger Primärschoul komm ass. En zéngjärege Schüler wier vu véier Matschüler ugegraff ginn. De President vun der RIAL asbl huet dee Virfall follgendermoosse beschriwwen:
“Si hunn de Jong op de Buedem geheit, geschloen, gebass a gekraazt an du gesot: ‘you are an Israeli crybaby’, also, du bass een “israeelesche Pinscher (pinschen = kräischen).’ Déi véier Schüler hunn e Migratiounshannergrond a si warscheinlech selwer traumatiséiert, vun dem wat si erlieft hunn, mee dat ass trotzdeem inakzeptabel.”
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister preziséieren, a wéi enger Primärschoul dës Aggressioun stattfonnt huet?
- Wéini gouf de Ministère iwwer dëse Virfall informéiert?
- Wei huet d’Schoul op dëse Virfall reagéiert?
- Wéi huet den Här Minister op dëse Virfall reagéiert? Wéi eng konkret Moossname goufen ergraff?
- Wéi eng Konsequenze goufen aus dësem Virfall gezunn?
- Sinn dem Här Minister weider esou änlech Fäll bekannt?
Foto Copyright: Pixabay