D’Diere vun engem Elektroauto – eng déidlech Fal?

En déidlechen Accident mat engem Elektroauto bréngt Froe mat sech. De Jeff Engelen stellt sécher, datt och d’Lëtzebuerger Regierung déi net ignoréiere kann:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Am däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen sinn de 7. September dräi Leit bäi engem Autosaccident ëm d’Liewe komm. Den Elektroauto vun der Mark Tesla war am Kader vun engem Accident a Brand geroden. Esou wéi a verschiddenen däitsche Medien ze liesen ass, hätten Zeie probéiert, d’Leit aus dem Auto ze befreien, konnten awer näischt maachen, well déi elektronesch Dieren sech net méi vu baussen opmaache gelooss hunn. D’Enquêteure ginn elo och der Fro no, ob eng mechanesch Dier an dësem Fall hätt kënne Liewe retten.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Ass der Madamm Minister dee Fall bekannt? Falls jo, wéi reagéiert si dorop?
  • Mussen zu Lëtzebuerg sämtlech Autoen iwwert eng mechanesch Dier verfügen? Falls net, firwat net? Wéi ass an deem Fall séchergestallt, datt d’Dieren zu all Ablack opgoe kënnen?

 

Deel dëse Post: