Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.
Kanneraarmut zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi. Laut enger STATEC-Etüd mam Titel “Rapport Travail et cohésion sociale 2024” gëtt drop higewisen, datt den Aarmutsrisiko fir Kanner am Joer 2023 24% erreecht huet.
D’Suerg, datt Kanner, déi an Aarmut liewen, riskéieren obdachlos ze ginn, wiisst a mécht den Experte Suergen. Laut engem Artikel vum Luxemburger Wort, deen den 21.08.2025 publizéiert gouf (“Die Kinder, die es gar nicht geben darf”), ginn eng Rei Hëllefe vum Staat ugebueden, déi awer net duerginn, fir de Problem ze léisen.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Leien dem Här Minister Informatiounen iwwert déi lescht Tendenze vu Kanneraarmut hei zu Lëtzebuerg vir?
- Wat plangt d’Regierung, fir déi Rei Hëllefen, déi vum Staat ugebuede ginn, ze verbesseren?
- Wéi eng konkret Moossname plangt d’Regierung, fir sécherzestellen, datt kee Kand zu Lëtzebuerg an der Obdachlosegkeet liewe muss?
Mat déiwem Respekt,