Och zu Lëtzebuerg stellt all Regierung fläisseg hir eege “politesch Beamten” an, déi de jeeweilege Ministeren direkt zouschaffen. Dës kënnen den üblechen Déngschtwee, wéi zum Beispill de Staatsexamen ze packen, iwwersprangen. Am Géigesaz zum Ausland mussen si nom Enn vun der Mandatszäit vun hirem Minister awer net fäerten, aus dem ëffentlechen Déngscht auszescheeden, mee kënnen zu der gläicher Pai an enger allgemenger Funktioun weiderschaffen. Ëmsou méi stellt sech d’Fro, ob d’Ufuerderung fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze hunn an eis dräi administrativ Sproochen ze beherrschen, och fir si gëllen. De Fred Keup an d’Lexy Schoss leeën de Fanger an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.
Wéi et an engem Artikel “Auf dem Weg zum CSV-DP-Staat” deen de 25. August op Reporter.lu publizéiert gouf, heescht, huet d’Regierung an dëser Legislaturperiod insgesamt 33 sougenannt politesch Beamten “certains fonctionnaires occupant des fonctions dirigeantes dans les administrations et services de l’Etat” agestallt. Dës Beamte ginn net iwwert den üblechen Déngschtwee agestallt a brauchen zum Beispill kee Staatsexamen ze duerchlafen.
An deem Zesummenhang géife mir dem Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht gär dës Froe stellen:
- Op Basis vu wéi enger Prozedur ginn dës politesch Beamten nominéiert an agestallt?
- Mussen déi sougenannt politesch Beamten iwwert d’Lëtzebuerger Nationalitéit verfügen? Falls net, firwat net?
- Mussen déi sougenannt politesch Beamten eis dräi administrativ Sprooche mëndlech a schrëftlech beherrschen? Falls jo, op wéi engem Niveau? Falls net, firwat net?