Verwaltungsproblemer vu Proprietairë vun denkmalgeschützten Haiser

Proprietairë vun denkmalgeschützten Haiser ginn dacks mat Verwaltungsproblemer konfrontéiert, déi effektiven Denkmalschutz erschwéieren. De Fred Keup an d’Alexandra Schoos hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Am Luxemburger Wort konnt een de 26.7.2025 e Lieserbréif mam Titel “Wer Denkmäler schützen will, darf Bauherren nicht bremsen” liesen, an deem et heescht:

„Ich möchte über meine Erfahrung mit der Renovierung eines denkmalgeschützten Hauses auf dem Lampertsbierg berichten – stellvertretend für viele, die sich um den Erhalt historischer Bausubstanz bemühen. Das Haus, ein Bau aus der Zeit um 1900, besitzt eine wunderbare Originalsubstanz: Keller, Treppen, Fliesen und Holzböden sind gut erhalten. Leider wurde es in den 1950er Jahren mehrfach verändert. Unser Ziel war es, diese Eingriffe soweit wie möglich rückgängig zu machen – im Einklang mit dem Denkmalschutz. Der erste Kontakt mit der zuständigen Behörde verlief positiv. Die Pläne wurden eingereicht, Rückmeldungen kamen zunächst zügig. Doch nach der offiziellen Einreichung wurde unser Dossier offenbar vergessen und erst nach fünf Monaten wieder aufgefunden. Bis heute liegt keine Baugenehmigung vor. Auch die Antragstellung für Subventionen verläuft schleppend. Auf E-Mails folgt keine Antwort, telefonisch ist niemand erreichbar. Dabei wäre eine rechtzeitige Rückmeldung entscheidend: Müssen wir nun auf eigene Kosten Holzfenster und Naturschieferdach bestellen – oder noch Monate auf eine Entscheidung warten, während das Haus unbewohnbar bleibt?“

An deem Kontext hu mir follgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi eng duerchschnëttlech Beaarbechtungsfriste gëllen aktuell, wat d‘Geneemegung vu Sanéierungspläng bei denkmalgeschützte Gebaier ugeet?
  • Gëtt et Fristen, innerhalb vun deenen d’Verwaltung op Ufroen oder Requêtë reagéiere muss? Wa jo: Wéi gëtt d’Respektéiere vun dëse Friste kontrolléiert?
  • Wéi vill Fäll gouf et an de leschten dräi Joer, bei deene Baugeneemegunge fir denkmalgeschützt Gebaier bzw. Haiser méi laang wéi sechs Méint op sech waarde gelooss hunn?
  • Wéi eng Moossname plangt d‘Regierung, fir d‘Kommunikatioun tëscht Proprietairen an den zoustännege Verwaltungen am Beräich Denkmalschutz esou ze verbesseren, dass d’Proprietairen net méi gezwonge ginn, hir denkmalgeschützt Immobilie ongenotzt bzw. an engem net nohaltegen Zoustand ze loossen?
  • Ginn et aktuell konkret Pläng, fir déi telefonesch an digital Erreechbarkeet vun den zoustännege Servicer ze stäerken, z.  duerch zentral Hotlinen, Online-Portaler oder Kontaktpersounen? Wann nee, wat ass da virgesi fir dës Legislaturperiod a wat ass d‘Timeline?
  • Wéi laang dauert am Duerchschnëtt d’Beaarbechte vu Subventiounsrequêten am Kader vum Denkmalschutz?
  • Wéi eng Moossname si geplangt, fir sécherzestellen, dass Proprietairen zäitno gewuer ginn, ob an a wéi engem Ëmfang si mat enger finanzieller Ënnerstëtzung rechne kënnen?
  • Ass geplangt, fir am Kontext vu steigende Baukäschten zousätzlech finanziell Mëttele fir Proprietairë vun denkmalgeschützte Gebaier bzw. Haiser bereetzestellen?
  • Ginn et aktuell ëffentlech zougänglech Richtlinnen oder Checklëschten, déi Proprietairen eng Orientéierung ginn, wéi eng Ufuerderunge fir d’Sanéierung vun historesche Gebaier oder Haiser gëllen? Wann nee, wat ass da virgesi fir dës Legislaturperiod a wat ass d‘Timeline?
  • Wéi gëtt an Zukunft séchergestallt, dass Proprietairë fréizäiteg iwwer méiglech Aschränkungen oder Verflichtungen informéiert ginn, ier se mat der Sanéierung ufänken?

Äntwert:

Äntwert vum Kulturminister Eric Thill op d’parlamentaresch Fro n° 2717 vum 1. August 2025 vun
den honorabelen Deputéierte Fred Keup an Alexandra Schoos

1) Wéi eng duerchschnëttlech Beaarbechtungsfriste gëllen aktuell, wat d‘Geneemegung vu Sanéierungspläng bei denkmalgeschützte Gebaier ugeet?
D’Froe vun den honorabelen Deputéierte baséieren op engem Lieserbréif, deem seng Schëlderungen net der Realitéit entspriechen. An dësem Sënn huet den Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural – INPA, zesumme mat senge Servicer, Kontakt mat den Auteure vum uewe genannte Lieserbréif opgeholl. Bei de Gespréicher huet sech erausgestallt, dass déi legal Delai’en agehal goufen.
Ech wéilt trotzdeem déi generell Punkten, déi an de Froen ugeschwat ginn, gär beäntweren.
Bei ronn 2.600 national an 21.000 PAG-geschützte Gebaier sinn zum aktuellen Zäitpunkt ronn 1.000 Dossieren op, bei deenen den INPA Bauhären am Kader vun hiren Aarbechte begleet. Dës Hëllef ëmfaasst d’Berodung bei der Präparatioun an dem Suivi vum Chantier, d’Opstelle vum Dossier deen dem Kulturminister eventuell muss ënnerbreet ginn an eng Berodung beim Volet vun de Subventiounen. D’Dauer vun der Prozedur variéiert jee no Komplexitéit vun de geplangten Aarbechten an den néidegen Etuden, a ka vun e puer Woche bis e puer Méint daueren. Am Virfeld vun enger offizieller Stellungnam gëtt et ëmmer en Austausch tëscht de Bauhären an dem INPA. Des Weidere ginn a ville Fäll Etuden direkt iwwert den INPA bestallt e bezuelt, fir erauszefannen wéi eng Aarbechten am beschte bei déi historesch Bausubstanz passen.

2) Gëtt et Fristen, innerhalb vun deenen d’Verwaltung op Ufroen oder Requêtë reagéiere muss? Wa jo: Wéi gëtt d’Respektéiere vun dëse Friste kontrolléiert?
D’Gesetz vum 25. Februar 2022 iwwert dat kulturellt Ierwe gesäit vir, dass dem Minister seng Decisioun spéitstens véier Méint no der offizieller Areechung virleie muss. Ass dëst net de Fall, gëllen d’Aarbechten als geneemegt (Art. 30.3).

3) Wéi vill Fäll gouf et an de leschten dräi Joer, bei deene Baugeneemegunge fir denkmalgeschützt Gebaier bzw. Haiser méi laang wéi sechs Méint op sech waarde gelooss hunn?
Op Grond vum legalen Delai vu 4 Méint an dem Zil fir eventuell onpassend Aarbechte bei denkmalgeschützte Gebaier ze verhënneren, kommen esou Fäll net vir.

4) Wéi eng Moossname plangt d‘Regierung, fir d‘Kommunikatioun tëscht Proprietairen an den zoustännege Verwaltungen am Beräich Denkmalschutz esou ze verbesseren, dass d’Proprietairen net méi gezwonge ginn, hir denkmalgeschützt Immobilie ongenotzt bzw. an engem net nohaltegen Zoustand ze loossen?
Zu Lëtzebuerg gëtt kee Proprietaire dozou gezwongen, säin denkmalgeschützt Gebai ze vernoléissegen. Am Géigendeel: d’personell a finanziell Verstäerkung vum INPA an de leschte Joren erméiglecht eng nach méi séier an efficace Begleedung vun de Proprietairen.

5) Ginn et aktuell konkret Pläng, fir déi telefonesch an digital Erreechbarkeet vun den zoustännege Servicer ze stäerken, z. B. duerch zentral Hotlinen, Online-Portaler oder Kontaktpersounen? Wann nee, wat ass da virgesi fir dës Legislaturperiod a wat ass d‘Timeline?
Den INPA ass souwuel telefonesch wéi digital fir d’Biergerinnen a Bierger erreechbar. Den Internetsite ass benotzerfrëndlech opgebaut an et kann een och online Subventiounen ufroen.

6) Wéi laang dauert am Duerchschnëtt d’Beaarbechte vu Subventiounsrequêten am Kader vum Denkmalschutz?
Soubal den Dossier komplett ass, ginn d’Promesse de subvention an d’Ausbezuelung bannent e puer Wochen ofgeschloss.

7) Wéi eng Moossname si geplangt, fir sécherzestellen, dass Proprietairen zäitno gewuer ginn, ob an a wéi engem Ëmfang si mat enger finanzieller Ënnerstëtzung rechne kënnen?
D’Proprietairen, déi eng Demande de subvention areechen, ginn zäitno vum INPA kontaktéiert fir e Rendez-vous op der Plaz z‘arrangéieren. Bei dësem Treffe stellt sech eraus ob an a wéi engem Ëmfang eng finanziell Ënnerstëtzung méiglech ass.

8) Ass geplangt, fir am Kontext vu steigende Baukäschten zousätzlech finanziell Mëttele fir Proprietairë vun denkmalgeschützte Gebaier bzw. Haiser bereetzestellen?
D’Ënnerstëtzung vun de Leit am Kader vu klammende Präisser an der Constructioun ass eng Prioritéit fir d’Regierung. An dësem Sënn dierfen d’Proprietaire vun denkmalgeschützte Gebaier net vergiess ginn a mir sinn a konkreten Diskussioune fir ze kucken, wéi si och an Zukunft nach méi geziilt ënnerstëtzt kënne ginn.

9) Ginn et aktuell ëffentlech zougänglech Richtlinnen oder Checklëschten, déi Proprietairen eng Orientéierung ginn, wéi eng Ufuerderunge fir d’Sanéierung vun historesche Gebaier oder Haiser gëllen? Wann nee, wat ass da virgesi fir dës Legislaturperiod a wat ass d‘Timeline?
All historescht Gebai, Haus a Chantier huet eenzegaarteg Charakteristiken, déi eng individuell Berodung vum INPA erfuerderen. Fir Proprietairen bei hiren Aarbechten ze guidéiren an en Iwwerbléck iwwer „best practices“ ze ginn, kann een um Internetsite vum INPA an der Rubrik „Restauration“ gelonge Projete fannen. Mir analyséieren och weider Méiglechkeeten, fir d’Proprietairen an Zukunft nach méi transparent an effizient mat Informatiounen z’ënnerstëtzen.

10) Wéi gëtt an Zukunft séchergestallt, dass Proprietairë fréizäiteg iwwer méiglech Aschränkungen oder Verflichtungen informéiert ginn, ier se mat der Sanéierung ufänken?
Mam Courrier, deen d’Proprietairen iwwer de Klassement vum Haus oder Gebai informéiert, gëtt matgedeelt, wat d‘Effet’e laut Artikel 29 an 30 vum Patrimoinesgesetz vun 2022 fir dëse Klassement mat sech bréngen. Bei engem éischte Rendez-Vous op der Plaz, wärend deem d’Agente vum INPA sech e Bild iwwer déi ugeduechten Aarbechte gemaach hunn, kréien d’Proprietairen da méi konkret Richtlinne matgedeelt. An deene meeschte Fäll fënnt sech e konstruktive Kompromëss tëscht de Wënsch vun de Proprietairen an den Ufuerderunge vum Denkmalschutz.

 

Deel dëse Post: