Den “Centre SNJ Hollenfels” gëtt renovéiert a vergréissert. Awer wuel kaum verschéinert. Dozou huet de Fred Keup e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
De Jugendzentrum vum Service national de la jeunesse an a ronderëm d’Buerg Huelmes gëtt aktuell renovéiert an ausgebaut, woubäi d’Aarbechte bis Enn 2028 dauere sollen. D’Käschte ginn haaptsächlech vum Ministère fir Ëffentlech Baute gedroen a belafe sech op ronn 32 Milliounen Euro. Am Pressedossier vun der Regierung (“1er coup de pelle Centre SNJ Hollenfels – Rénovation et extension”) heescht et: « Une extension, implantée sur l’emprise d’un ancien bâtiment disparu au XIXe siècle, est adossée au château. Elle accueille un escalier et un ascenseur, garantissant l’accessibilité aux personnes à mobilité réduite sans altérer le bâti patrimonial du château.»
Dës Extensioun (Maquette-Foto op S. 11 uewe vum Pressedossier) schéngt, anescht wéi d’Regierung dat beschreift, den “bâti patrimonial du château” méi wéi just ze “alteréieren”, well an der Ëffentlechkeet gouf si elo schonns mat Attributer wéi “eng Schan”, “absolument hideux” an “monstruosité” beluecht.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt mat der mentionéierter Extensioun vum Huelmesser Schlass déi architektonesch Integritéit vun dësem Schlass, dat säit 2022 als „Monument national“ klasséiert ass, irreversibel beschiedegt gëtt?
- Gouf hei en Avis vum INPA ugefrot? Wa jo, mat wéi engem Resultat?
- Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir den Entworf vun dëser Extensioun? Wann nee, firwat net?
- Goufen alternativ architektonesch Konzepter gepréift, déi sech besser an dat historescht Gesamtbild vum Schlass afügen?
- A wéiwäit goufen d’Denkmalschutz-Organisatiounen an d’Planung vun där Extensioun mat abezunn?
- Goufe Méiglechkeete gepréift, déi bestoend Struktur vum Schlass besser auszenotzen, amplaz se duerch eng Extensioun bzw. en Neibau ze ergänzen?
- Besteet op Säite vun der Regierung d‘Bereetschaft, op ëffentlech Bedenken anzegoen an noutfalls de Projet vun der Extensioun ze iwwerschaffen oder ganz falen ze loossen?
Äntwert:
Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt mat der mentionéierter Extensioun vum Huelmesser Schlass déi architektonesch Integritéit vun dësem Schlass, dat säit 2022 als „Monument national“ klasséiert ass, irreversibel beschiedegt gëtt?
De Projet vun der Renovatioun an Extensioun vum „Centre SNJ Hollenfels“ gouf säit 2018 an enker Zesummenaarbecht mat dem Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) (senger Zäit Service des sites et monuments nationaux) ausgeschafft. Scho virun der Protektioun als „Monument national“ 2022, gouf de Projet 2020 an der COPAC, der Commission pour le patrimoine culturel (fréier COSIMO), virgestallt an am Schreiwes vum 26.November 2020 vun der deemools zoustänneger Kulturministesch validéiert. Ausdrécklechbegréisst gouf heibäi déi baussenzeg Expressioun vum neie Gebai nieft dem Schlass, déi mat hirerzäitgenëssescher Architektur an engems Kontrast an awer och Integratioun bréngt. Esou wéi déiverschidde Bauphasen aus de vergaangene Joerhonnerten all verschidden an eegen Identitéitenhunn, ouni sech ënnerteneen irreversibel ze beschiedegen, dréckt sech och de Neibau amGeescht vun eiser Zäit aus ouni awer de Kontext ze verleegnen. Och den Institut national de recherches archéologiques (INRA) gouf mat an der Planung vum Projet implizéiert, an op Basis vun de rezenten Ausgruewunge gëtt de Patrimoine ënnert dem Buedem gréisstendeels erhalen. Am Kader vum Projet gouf de ganze Site mat Georadar ënnersicht. Doduerch konnten eng ganz Rei vun archeologesche Vestigë nogewisen, an de Bauprojet doropshin ugepasst ginn.
Op der Säit vun der Buerg gouf eng al Gruewung aus de 1970er Joren nees opgemaach an erweidert. Dës Vestigë ginn erhalen an d’Annexe gouf esou ëmgeplangt, datt d’Archeologie net zerstéiert gëtt. Dësen Deel wäert awer net siichtbar sinn.
Gouf hei en Avis vum INPA gefrot? Wa jo, mat wéi engem Resultat? Cf. Äntwert op d‘Fro 1.
Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir den Entworf vun dëser Extensioun? Wann nee, firwat net?
Fir esou een Typ vu Projet besteet keng Obligatioun en ëffentleche Concours fir den Entworf ze lancéieren. Deemno goufen 2017 d’Missioune fir d‘Maîtrise d’oeuvre wéi an esou Fäll üblech op Basis vun engem ëffentlechen „appel à candidatures“ erausgesicht. Heibäi gouf besonnesch Wäert drop geluecht, dass dës Bureaue Referenzen am Ëmgang mam nationale Patrimoine an deem senger Revaloriséierung opweises hunn. D’Wiel vun der Maîtrise d’oeuvre gouf doropshin a Récksprooch mam INPA getraff.
Goufen alternativ architektonesch Konzepter gepréift, déi sech besser an dat historescht Gesamtbild vum Schlass afügen?
Wéi bei all Bauprojet goufen am Kader vun den Etuden eng Rei vun Alternative fir déi architektonesch Ëmsetzung vum Raumprogramm analyséiert. Enner Berücksichtegung vun all de Contrainten ass déi zeréckbehale Variant déi, déi sech am beschten an d’Gesamtkonzept vum Site afüügt.
A wéiwäit goufen d’Denkmalschutz-Organisatiounen an d’Planung vun där Extensioun mat abezunn ?
Den INPA als national kompetent „Denkmalschutz-Organisatioun“ gouf säit 2018 an de Projet mat abezunn. Dës Zesummenaarbecht gëtt och elo esou virugefouert, fir d’Definitioun vun Detail- an Exekutiounspläng, ewéi och fir de Suivi vum aktuelle Chantier. Och schonn erwäänt ass de positiven Avis vun der nationaler Denkmalschutzkommissioun (deemools COSIMO).
Goufe Méiglechkeete gepréift, déi bestoend Struktur vum Schlass besser auszenotzen, amplaz se duerch eng Extensioun bzw. en Neibau ze ergänzen?
Méiglechkeeten, déi bestoend Struktur vum Schlass besser auszenotzen, goufen analyséiert. Well notamment awer e konformt Nouttrapenhaus an e Lift an der Enveloppe vum Schlass en irreparabele Schued vum denkmalgeschützte Bestand implizéiert hätten, goufen esou Interventiounen aus Denkmalschutzgrënn bewosst net zeréckbehalen. Déi Fonctioune ginn deemno an der Extensioun ëmgesat.
Besteet op Säite vun der Regierung d’Bereetschaft, op ëffentlech Bedenken anzegoen an noutfalls de Projet vun der Extensioun ze iwwerschaffen oder ganz falen ze loossen ?
Wéi schonns an de viregten Äntwerten erwäänt, ass dee gesamte Projet vun alle betraffenen Acteuren (d‘Verwaltung fir ëffentlech Bauten, de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend als Utilisateur, den Institut National de Recherches Archéologiques – INRA, den INPA an d‘COPAC, …) am Virfeld ausgeschafft, evaluéiert a validéiert ginn.
Des Weideren, befënnt de Projet sech momentan an der Ausféierung, den Haaptmarché vum Réibau ass scho verginn an d’Aarbechten hu schonn ugefaangen. En Iwwerschaffe vum Projet bedeit e Baustopp, nei Etuden, nei Autorisatiounen an eng Adaptatioun vun de Marchéen déi scho vergi sinn. All dëst wier mat Méikäschte verbonnen a géif de Projet em Jore retardéieren.