Kéint een den Delai beim Begruewen oder Anäscherung op 120 Stonnen verlängeren? D’ADR freet no.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Am aktuelle Bestattungsgesetz ass virgesinn, datt eng Läich 72 Stonnen no hirem Dout muss begruewen oder ageäschert ginn. Am Fall, wou d’Läich verbrannt gëtt, kann d’Begriefniszeremonie och zu engem spéideren Zäitpunkt stattfannen. Wann d’Läich awer normal begruewe gëtt, fält d’Begriefniszeremonie mam Begruewen zesummen. Et ass awer eng Tatsaach, datt den Delai vun dräi Deeg fir d’Begriefniszeremonie, am Fall wou d’Läich begruewe gëtt, extrem knapp bemooss ass, z.B. wann ee Famill am Ausland huet, déi sech mussen organiséieren, fir op d’Begriefnis ze kommen. Wann een de genannten Delai verlängere wëll, muss ee bis elo extra eng Geneemegung ufroen.
Et ass doriwwer eraus jo sou, datt dat alt Bestattungsgesetz schonn an d’Jore komm ass an et haut jo duerch Killraim problemlos technesch méiglech ass, e Kierper och méi laang ze konservéieren. Aus de Reie vun de Bestattungsentreprisen héiert een dofir, datt den Delai tëscht dem Dout an dem Begruewe vun der Läich op mindestens fënnef Deeg sollt verlängert ginn.
An deem Kontext hätte mir follgend Froen un den Här Minister:
- Am Hibléck op déi uewe beschriwwe Situatioun: Wier et an den Ae vun der Regierung net sënnvoll, den Delai tëscht dem Dout an dem Begruewen op minimum fënnef Deeg ze verlängeren? Wann jo, a wéi engem zäitleche Kader ka mat der Ëmsetzung vun där betreffender Dispositioun am Bestattungsgesetz gerechent ginn?
- A wéi vill Prozent vun den Doudesfäll zu Lëtzebuerg gëtt sech fir eng Anäscherung decidéiert an a wéi vill Prozent vun den Doudesfäll zu Lëtzebuerg gëtt sech dofir decidéiert, d’Läich an der Äerd ze begruewen?
Mat déiwem Respekt,
Jeff Engelen/Dan Hardy – Deputéierten