E knapp Joer no der Caritas-Affär kënnt et scho rëm zu engem Finanzskandal a Milliounenhéicht am ëffentleche Beräich. D’Entreprisen, déi fir de Staat den ëffentlechen Transport organiséieren, kruten iwwer Jore falsch ausgerechent Subsiden iwwerwisen. D’Enquête ass um Gaangen, éischt Informatioune weisen awer drop hin, datt et de vermeintleche Profiteuren onméiglech war, hei selwer Schmu ze dreiwen. Et stellt sech also d’Fro, wat um Niveau vun der Verwaltung schif gaangen ass. Déi strofrechtlech Ermëttlunge leien ausschliisslech beim Parquet, mee kann en informateschen oder soss technologesche Feeler, dee vläicht och anere Beräicher iwwergräift, eigentlech ausgeschloss ginn? De Jeff Engelen freet no:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
De 7. Juli huet den EU-Parquet bekannt ginn, géint verschidde Lëtzebuerger Bus-Entreprisen aus dem Beräich vum RGTR, de Verkéiersministère souwéi en eemolegen héije Beamten, deen no Informatioune vun der Press mëttlerweil bei enger privater Busfirma schafft, ze enquêtéieren. Dat wéinst falschen Ofrechnungen, déi am Kader vun der Remuneratioun vum RGTR geschitt wieren. Faarten, déi mat Hybrid- respektiv mat thermesch bedriwwene Bussen ofgewéckelt gi wieren, wieren zum méi héijen Tarif fir Elektrobusse facturéiert ginn, wouduerch e Schued an zweestelleger Milliounenhéicht entstane wier. D’Kontinuitéit vun der Enquête läit aktuell ausschliisslech beim Parquet.
Zousätzlech zu där lafender Enquête goufen awer mëttlerweil och Informatioune publizéiert, déi weiderféierend Froe mat sech bréngen. Esou heescht et zum Beispill am Artikel “Les entreprises n’ont pas pu frauder”, deen den 9. Juli am Quotidien publizéiert gouf, datt déi Informatiounen, wéi eng Strecke mat engem Elektrobus gefuer ginn, automatesch iwwert en Tracker un de Ministère iwwermëttelt ginn. D’Busfederatioun (FLEAA) huet dann och zu Protokoll ginn, datt déi Trackeren de Busentreprisen onméiglech géife maachen, Schmu ze dreiwen. Deementspriechend kéint also och en techneschen oder informateschen Defekt eng potentiell Ursaach spillen. D’Mëssstänn sollen dem Ministère dem selwechten Artikel no da schliisslech och scho puer Méint bekannt sinn. Verschidden Aspekter dozou goufe schonn an där parlamentarescher Fro Nummer 2588 thematiséiert.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
1) Kann d’Madamm Minister déi technesch Modalitéiten, esou wéi an der Press beschriwwen, confirméieren? Falls jo, a wéi dacks sinn déi entspriechend Tracker an de Joren 2020 bis 2025 iwwerpréift ginn? Falls net, wéi goufen déi entspriechend Faarten dann dokumentéiert?
2) Kann d’Madamm Minister matdeelen, ob déi genannten Tracker ausschliisslech am Beräich vum RGTR agesat ginn, oder generell a sämtleche Beräicher, wou de Staat den ëffentleche Bustransport subventionéiert, notamment am Beräich vun der AVL, dem Schoultransport fir d’Lycéeën an dem TICE?
3) Gouf onofhängeg vun der juristescher Enquête eng intern, technesch Feeleranalyse lancéiert, fir auszeschléissen, datt et an Zukunft zu weidere Feelfunktioune bei der Ofrechnung mat den RGTR-Entreprisen, respektiv an anere Beräicher, wou déi entspriechend Apparaten och agesat géifen, komme kann? Falls net, firwat net?