Säit Jore gëtt zu Lëtzebuerg eng Steier op eidel stoende Wunnengen an Haiser diskutéiert. Doduerch, datt méi Proprietäre gezwong ginn, ze verlounen, soll de Wunnengsmangel erofgoen. D’ADR schwätzt sech säit Jore géint esou eng Moossnam aus a plädéiert amplaz fir eng Flexibliiséierung vum Mietrecht. Schliisslech verzicht kee Proprietär op e sou engem attraktive Wunnengsmaart wéi Lëtzebuerg gäre fräiwëlleg op de Loyer. Ëmmer erëm héiert een awer och, datt Gebaier an ëffentlecher Hand eidel stinn, esou zum Beispill al Déngschtwunnenge vun der Gendamerei um Verluerekascht. Dobäi wier et grad un der ëffentlecher Hand, mam gudde Beispill virzegoen. D’Lexy Schoos intervenéiert bei der Regierung a freet gläichzäiteg nom Update vu lafende Projeten:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister an den Här Policeminister weiderzeleeden.
Esou wéi am Artikel “Sozialwohung gesucht…und gefunden”, deen den 3. Juli am Forum publizéiert gouf, ze liesen ass, stinn um Verluerekascht säit Joren eng Rei Déngschtwunnenge vun der fréierer Gendarmerie eidel. Zulescht goufen d’Gebailechkeete vun der Policeschoul benotzt, mee säit hirem Auszuch gouf keng nei Verwaltung méi hei ënnerbruecht. Dem Auteur vum Artikel no géif eng Iwwerféierung an de Park vum soziale Wunnraum just eng Renovatioun vun de jeeweilege Buedzëmmeren a Kiche viraussetzen.
Säit Jore gëtt den eidel stoende Wunnraum als eng vun de potentiellen Ursaache fir d’Logementskrise genannt. Ëmsou méi wichteg wier et natierlech, datt de Staat mat guddem Beispill virgeet an d’Gebailechkeeten a sengem Besëtz an deem Sënn optimal geréiert.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wéi steet d’Regierung zu den Aussoen am zitéierten Artikel?
- Deelt d’Regierung d’Aschätzung, datt déi Gebaier no relativ übleche Renovatiounsaarbechte kéinten als Wunnraum genotzt ginn? Falls jo, wéi presentéiert sech den Zäitplang vun der Ëmsetzung? Falls net, aus wéi engen Ursaachen a wéi eng alternativ Notzung gesäit d’Regierung dann aktuell vir?
- An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 743 huet d’Regierung am Bezuch op d’Iwwerféierung vun eidel stoende Staatsgebaier an de Logementsmarché ënner anerem dat hei geschriwwen: “Um Findel stinn och nach eng Partie Haiser eidel, wou eng ganz Cité sech no an no liberéiert. Des weidere ginn et ronn 30 Wunnengen, déi fir d’Realisatioun vu gréissere Wunnprojeten eidel stinn, wou d‘Prozeduren lafen. Esou sollen zum Beispill Wunnprojeten zu Colmer-Bierg an zu Beetebuerg vum Fonds du Logement realiséiert ginn”. Wéi presentéiert sech den aktuelle Stand vun deene jeeweils genannte Projeten?