Schonn nees Schëffsaccident op der däitscher Musel

Fir déi zweete Kéier a knapp an engem halwe Joer ass an Däitschland e Schëff an eng Muselschleis gerannt, an dësem Fall e Passagéierschëff. D’ADR hofft natierlech, datt kengem eppes geschitt ass. Doriwwer eraus freet een sech awer, wéi et zwee Mol op där selwechter Streck an deem selwechte Land zum selwechten Typ Accident konnt kommen. Wéi eng Erkenntnisser leien der Regierung bis ewell vir? De Jeff Engelen stellt eng dréngend parlamentaresch Fro:

Här President,

esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Op en Neits koum et op der däitscher Musel zu engem Accident, wou e Schëff, an dësem Fall e Passagéierschëff an eng Schleis gerannt ass, dës Kéier op der Héicht vu Cochem. No engem änleche Virfall Enn 2024 huet de Schëffstraffic op der Musel misse fir gutt zwee Méint ënnerbrach ginn.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës dréngend Froe stellen:

Wéi eng Erkenntnisser zur Ursaach an zu de potentiellen Auswierkunge vun deem neien Accident goufen der Regierung bis ewell vun den däitschen Autoritéite matgedeelt?

 

Deel dëse Post: