Premièresdiplom op Lëtzebuergesch

Wier et net un der Zäit, de Premièresdiplom net nëmmen op Franséisch, Däitsch an Englesch, mee och op Lëtzebuergesch auszestellen? Dat wëll de Fred Keup vun der Regierung wëssen.

Fro:

Zu Lëtzebuerg ginn d‘Premièresdiplomer souwuel vum klassesche wéi och vum technesche Secondaire an dräi Sproochen ausgestallt: Franséisch, Däitsch an Englesch. Dës méisproocheg Ausstellung huet den Zweck, déi international Unerkennung vun den Diplomer ze erliichteren an den Absolventen den Zougang zu Héichschoulen am In- an Ausland ze erméiglechen. Déi betreffend Reegelung gouf am Kader vun der Reform vum Secondairesunterrecht agefouert, déi duerch de RGD vum 21. August 2017 ëmgesetzt gouf.

Nieft dem eigentleche Premièresdiplom kréien d’Absolventen nach weider Dokumenter, déi hiren Ausbildungswee detailléiert beschreiwen. Dozou gehéieren ë.a. eng Noutenattestatioun, eng Beschreiwung vun der schoulescher Karriär mat den ugestriefte Kompetenzniveauen an de Sproochen an eng Attestatioun iwwer ausserschoulesch Aktivitéiten.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Häre Minister:

  • Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, d‘Premièresdiplomer vum klasseschen an technesche Secondaire an déi domat verbonnen Dokumenter zousätzlech an eiser Landessprooch, nämlech Lëtzebuergesch, auszestellen? Géif doduerch de Status vun eiser Nationalsprooch an hir Visibilitéit am ëffentleche Liewen net gestäerkt ginn?
  • Wa Lëtzebuergesch an de Schoulen enseignéiert gëtt, wann och a limitéierter Form, wier et dann net e logesche Schrëtt, eis Nationalsprooch och bei offiziellen Diplomer ze benotzen – op d‘mannst ergänzend?

Äntwert:

De Premièresdiplom, souwuel vum Enseignement secondaire classique wéi vum Enseignement secondaire général, gëtt an dräi Sproochen ausgestallt, dëst, wéi den honorabelen Deputéierten et richteg bemierkt, fir déi international Unerkennung vum Diplom ze erliichteren, an den Absolvente vun der Première den Zougang zu den Universitéiten an Héichschoulen ze erméiglechen. Et ass sécher richteg, de Status an d’Visibilitéit vun der Lëtzbuerger Sprooch wëllen ze stäerken. An de leschte Jore si vill Efforten an deem Kontext ënnerholl ginn; d’Ausstelle vum Premièresdiplom op Lëtzebuergesch géif awer net onbedéngt dozou bäidroen. Ausserdeem gëtt kee vun eisen normativen Texter a keent vun eisen offiziellen Dokumenter op Lëtzebuergesch ausgestallt; och beim Premièresdiplom ass an där Hisiicht keng Ännerung geplangt. Et sief bei dëser Geleeënheet drop opmierksam gemaach, datt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den Ament, grad ewéi vill aner Ministèren a staatlech Verwaltungen, mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch u sengem spezifesche Glossaire schafft, mat de besonnesche Bezeechnungen op Lëtzebuergesch vun de Begrëffer, déi grad am Kontext vu sengen Aufgabeberäicher dacks gebraucht ginn.

 

 

Deel dëse Post: