Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gläichstellung an Diversitéit weiderzeleeden.
Zu Lëtzebuerg ginn et kaum Statistiken iwwer Leit, déi eng Konversiounstherapie gemaach hunn. Eenzel Länner vun der Europäescher Unioun hunn a Saache Konversiounstherapie schonn eng legal Basis, wéi Frankräich, Däitschland, Griicheland a Malta. An aneren EU-Länner gëtt et eng kloer gesetzlech Basis, déi entweder e strikten an encadréierte Kader oder souguer e komplette Verbuet, wat d’Konversiounstherapie ugeet, virgesäit. International Institutioune wéi d’UNO stinn der Konversiounstherapie am Allgemenge kritesch géintiwwer.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d‘Regierung:
- Kann d’Madamm Minister eis matdeelen, ob et Statistike gëtt iwwer d’Zuel vun de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg eng Konversiounstherapie gemaach hunn? Wa jo, kënnen dës Zuelen eis matgedeelt ginn? Wann net, kann d’Madamm Minister eis soen, firwat dës Statistiken ni zesummegestallt goufen?
- Wat sinn d’Grënn dofir, datt Lëtzebuerg nach keng legal Basis am Kader vun der Konversiounstherapie huet?
- Wéi steet d’Regierung zu enger strikter an encadréierter legaler Basis zu dësem Thema?
- Ass d’Regierung sech bewosst, datt Institutioune wéi d’UNO d’Konversiounstherapie kritesch gesinn?
- Wëll d’Regierung nom Beispill vun aneren EU-Länner och en änlecht Gesetz op den Instanzewee schécken?
Mat déiwem Respekt,