Messstänn am Jugendprison? Wat leeft wierklech an der Unité de sécurité du Centre socio-éducatif de l’État (Unisec)? De Fred Keup wëll méi gewuer ginn.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
Zum Jugendprisong (Unité de sécurité du Centre socio-éducatif de l’État Unisec) hätt ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi vill Persoune waren am Joer 2024 am ganzen an der Unisec agespaart? Wéi deelen si sech op no Geschlecht an Nationalitéit? Wéi ass den Undeel u Persounen, déi am Ausland gebuer goufen? Wéi vill hu kee Wunnsëtz zu Lëtzebuerg gehat?
- Wéi eng Sprooch gëtt üblecherweis vum Personal an der Kommunikatioun mat de Jugendlechen an der Unisec benotzt? Muss d’Personal (Educateuren, Sécherheetspersonal) déi dräi administrativ Sproochen, besonnesch och Lëtzebuergesch, beherrschen? Falls net, aus wéi engem Grond gëtt sech hei géint adequat Kenntnisser an den dräi Sproochen a besonnesch am Lëtzebuergeschen ausgeschwat?
- Kann den Här Minister confirméieren, datt den 31. Mäerz eng Aktivitéit wärend der Schoulzäit an der Unisec stattfonnt huet, fir d’Enn vum Ramadan ze feieren? Ginn am Jugendprisong Mannerjäreger festgehalen, déi den islamesche Glawe praktizéieren a wa jo, wéi vill?
- Huet d’Relioun vu verschiddenen Mannerjäregen en Afloss op d’Iesse vun alle Mannerjäregen an der Unisec, respektiv stinn deeglech Méiglechkeeten ouni Schwéngefleesch zur Verfügung a sti wéchentlech och nach reegelméisseg Platen mat Schwéngefleesch zur Auswiel oder gëtt hei ganz dorop verzicht?
Mir géifen den Här Minister bieden, d’Froen eenzel, esou wéi nummeréiert, ze beäntwerten.
Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten