Engem Artikel vum Florian Javel am Lëtzebuerger Wort no, gouf et op mannst an der Vergaangenheet zu Lëtzebuerg Forme vu sougenanntem Biergerasyl. Asylanten, fir déi eigentlech en aneren EU-Staat zoustänneg war, konnten net iwwerstallt ginn, well se bei Privatleit ënnerkoumen. No 18 Méint war d’Frist fir se zeréckzeféieren ofgelaf an nom aktuellen EU-Aslyecht gouf Lëtzebuerg domat fir se zoustänneg. Hunn déi verantwortlech Leit sech strofbar gemaach? Eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister, den Här Inneminister an d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
Am Artikel “Wenn die Kirche Gesetze bricht und abgelehnte Asylbewerber aufnimmt”, deen de 14. Abrëll am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf, heescht et, datt Asylbewerber (DPI), fir déi ënnert dem Dublin-Regime en aneren EU-Staat zoustänneg ass, an der Vergaangenheet net konnten uerdnungsgeméiss iwwerstallt ginn, well si e sougenannte “Biergerasyl” kruten a bei Privatleit ënnerkoumen. Dee Biergerasyl dauert dem Wort no 18 Méint, wat dem maximalen Delai entsprécht, fir eng Persoun kënnen un en aneren Dublin-Staat ze iwwerstellen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Handelt et sech bei deem am Artikel genannte “Biergerasyl” ëm eng legal Biergschaft, déi mat den Autoritéiten ofzeschwätzen ass? Falls jo, op wéi enger rechtlecher Grondlag a wéi eng Flichte si fir den Auteur vun der Biergschaft mat esou enger Decisioun verbonnen?
- Falls et sech net ëm eng legal Biergschaft handelt, wéi eng Sanktioune sinn a sou engem Fall virgesinn?
- Esou wéi et am Artikel formuléiert ass, handelt et sech ëm eng Praxis aus der Vergaangenheet. Wéi vill där Fäll si bekannt?
- Wäert d’Regierung sech bei Verhandlungen iwwert d’EU-Asylrecht fir eng Ophiewung vun der Frist vun 18 Méint fir Dublin-Iwwerstellungen asetzen?