De Jeff Engelen wollt vun der Regierung Detailer zu der Beliichtung vun eisen Autobunne gewuer ginn. Eng vun den Ursaachen, firwat déi säit Jore massiv zeréckgebaut gëtt, läit offenbar doran, datt 100.000 Euro pro Joer, also manner wéi 0,001 Prozent vum Staatsbudget kënne gespuert ginn. Ass et dat, wat d’Sécherheet an d’Liewensqualitéit der Regierung wäert sinn, obwuel déi Käschten iwwer d’Steieren jo souwisou vun de Bierger gedroen ginn? Den ADR-Norddeputéierte léisst net labber:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 2101 no der Beliichtung vun eisen Autobunnen, verweist d’Madamm Minister op déi parlamentaresch Fro Nummer 6257 aus der Legislaturperiod 2018 bis 2023 souwéi op eng Pressematdeelung vum deemolegen Här Verkéiersminister vum 3. Mäerz 2014. An deenen zwee Texter gi verschidden Zuelen zum Käschtepunkt vum Réckbau vun de Stroosseluuchte genannt. Esou gëtt an Äntwert op d’Fro Nummer 6257 drop verwisen, datt d’Erspuernis bei de Betribskäschten op Basis vun deenen deemools extrem héije Stroumpräisser, 2022 bei 131.500 Euro/Joer louch (2014 circa 100.000 Euro/Joer). Des Weidere gëtt an där genannter Pressematdeelung drop verwisen, datt “bon nombre de candélabres” d’Enn vun hirer Garantiezäit iwwerschratt hätten an iergendwann hätten erneiert misse ginn, ouni awer dee “bon nombre” ze preziséieren. Den Text verweist just op entspriechend Erspuernisser vu 750.000 Euro och hei awer ouni ze preziséieren, ob et sech ëm Netto- oder Bruttoerspuernisser handelt.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Minister nach gär dës Froe stellen:
- Wéi vill Gesamtkäschten (Material, Personal asw.) si bis ewell fir de Réckbau vun de Stroosseluuchten ugefall?
- Wéi vill Stroosseluuchten, déi säit 2014 zeréckgebaut goufen, haten d’Garantiezäit vun 30 Joer iwwerschratt? Kann d’Madamm Minister an deem Zesummenhang preziséieren, ob den Oflaf vun der Garantie automatesch zur Erneierung muss féieren oder just als een Indicateur gëllt? Wéi laang waren déi entspriechend Apparater schonn iwwert hir Garantiezäit eraus bis zum Zäitpunkt vun hirem Réckbau duerchschnëttlech weidergelaf?
- Wéi een Undeel vun de Gesamtkäschten ass reng op de Réckbau vun deene Stroosseluuchten entfall, déi hir Garantiezäit iwwerschratt hunn? Wéi héich hätt de Käschtepunkt geleeën, fir se duerch LED-Luuchten ze erneieren?
- Wéi war déi Decisioun begrënnt, d’Luuchten iwwerhaapt grondsätzlech zeréckzebauen an net einfach ofzeschalten, fir déi minimal Betribskäschten anzespueren an enger spéiderer Regierung ze erlaben, se eventuell nees a Betrib ze huelen oder duerch LED-Luuchten ze ersetzen?
- An der Pressematdeelung vun 2014 gëtt drop verwisen, datt deenen Decisiounen entspriechend Etude vun der Stroossebauverwaltung virausgaange waren. Kann d’Madamm Minister der Chamber déi Etuden iwwermëttelen?