Weider héich Zuel vun Iwwergrëff op eis Buschaufferen!

Scho säit Jore sinn eis Buschaufferen engem akute Sécherheetsrisiko ausgesat. Déi gréisste Gefor lauert awer offenbar déi Säit vun der Grenz an de franséischen Nopeschgemengen. D’ADR hëlt sech deem Thema säit Joren un an huet d’Fuerderung vun de Gewerkschaften no Sécherheetskabinne vun Ufank un ënnerstëtzt. Et soll awer net iwwersi ginn, datt domat just op d’Konsequenz, net op d’Ursaach vum Probleem reagéiert gëtt. Leit, déi fir d’éischt vum gratis ëffentlechen Transport profitéieren an dann awer nach de Chauffer oder aner Passagéier attackéieren, respektiv de Bus beschiedegen, sollten emol eng Zäitchen dobäi bleiwen. Déi aktuell Gesetzeslag gesäit d’Méiglechkeet vir, se bis zu engem Joer vun all ëffentlechem Transport auszeschléissen. Firwat gëtt dovu kee Gebrauch gemaacht. De Jeff Engelen leet mat enger weiderer parlamentaresch Fro de Fanger an d’Wonn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Esou wéi et am Artikel “Sept Millions pour protéger les chauffeurs de bus transfrontaliers” deen haut am Quotidien publizéiert gouf, heescht, hëlt d’Gewalt géint Buschauffere besonnesch op de grenziwwerschreidende Linne Richtung Frankräich säit Joren zou. Deementspriechend gëtt d’Installatioun vun de Sécherheetskabinnen och op dëse sensibele Strecke konzentréiert. D’Gewerkschafte fuerderen iwwerdeems op besonnesch geféierleche Strecken och Sécherheetspersonal matfueren ze loossen. Déi selwecht Problematik hat ech iwwerdeems a menger parlamentarescher Fro Nummer 6943 aus der Legislaturperiod 2018 – 2023 thematiséiert.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi d’Fäll vun Iwwergrëff am ëffentlechen Transport vun 2022 – 2024 oplëscht an no verbalem a physesche Fäll souwéi Vandalismus regruppéiert?
  • Ginn déi ëffentlech Institutiounen an der Groussregioun un de Käschte fir d’Ausrüstung vun de Busser mat Sécherheetskabinne bedeelegt? Falls net, firwat net?
  • Wéi steet d’Madamm Minister zu der Méiglechkeet, op besonnesch geféierleche Strecke Sécherheetspersonal an de Bussen anzesetzen? Géif d’Madamm Minister gegeebenenfalls eng Demande un déi zoustänneg ëffentlech Institutiounen an der Groussregioun stellen, fir se un den Zousazkäschten ze bedeelegen?
  • An der Äntwert op meng uewe genannte parlamentaresch Fro Nummer 6943 huet den deemolegen Här Verkéiersminister drop verwisen, datt den Tracé an den Horaire op eenzele Strecken an der franséischer Grenzregioun geännert goufen, fir op déi verännert Sécherheetslag ze reagéieren. Kann d’Madamm Minister den aktuelle Stand vun deene Moossname presentéieren?
  • An der Äntwert op meng uewe genannte parlamentaresch Fro Nummer 6943 huet den deemolegen Här Verkéiersminister drop verwisen, datt et dem Minister méiglech ass, eng Persoun, déi sech am ëffentlechen Transport donieft behëlt, den Zougang dozou wärend engem Zäitraum vu bis zu engem Joer ze verbidden. Kéint d’Madamm Minister sech virstellen am Fall vu Kierperverletzung géint Chaufferen, aner Passagéier a Vandalismus d’office vun där Moossnam Gebrauch ze maachen, fir e kloert Signal ze ginn, datt Gewalt am ëffentlechen Transport net toleréiert gëtt? Falls net, firwat net?

 

Deel dëse Post: