Ruffmord géint Lëtzebuerger Autoschaufferen?

Gehéieren d’Lëtzebuerger Autoschaufferen zu deene rücksichtsloosten an Europa? Dat behaapten op mannst fläisseg Journaliste vum Lëtzebuerger Wort, Tageblatt asw. Si all beruffen sech dobäi op eng Schwäizer Etude, déi zum Beispill kuckt, wéi dacks Leit ënner Alkoholafloss fueren. Wéi wäit dobäi ënnerscheet gouf, ob et sech op déi legal Limitt bezitt, geet aus der Berichterstattung net ervir. Esou Beispiller ginn et méi. De Jeff Engelen wëll vun der Madamm Verkéiersminister wëssen, wéi si op déi Etude reagéiert a wéi eng Conclusioun si doraus zitt:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Esou wéi rezent a verschiddenen Dageszeitungen ze liese war, gehéieren d’Lëtzebuerger Autoschaufferen zu deene “rücksichtsloosten” an Europa. Bei där Etude stellt sech opgrond vun eisem massiven Transit- a Pendlerverkéier allerdéngs d’Fro, ewéi representativ esou eng Etude am Verglach zu grousse Flächelänner ka sinn. Des Weidere stellt sech och d’Fro, ob d’Verstéiss, déi erhuewe goufen, fir déi Ausso ze begrënnen, propper erfaasst goufen. Sou ginn zum Beispill 37 Prozent vun de Leit un, grondsätzlech ënner Alkoholkonsum mam Auto ze fueren, et geet awer aus der Berichterstattung net ervir, ob déi Aussoen sech op de legalen Taux vu bis zu 0,5 Promill bezunn hunn.

D’selwecht gesäit et bei de Verstéiss géint d’Vitesslimitten aus. An engem Artikel am Lëtzebuerger Wort gëtt zum Beispill drop higewisen, datt 79 Prozent vun de Leit uginn , op der Autobunn alt emol ze séier ze fueren. Gläichzäiteg gëtt an allgemenge Wierder op dat vill bessert Resultat vun eisen däitschen Noperen higewisen, woubäi dee lo just genannte Verstouss bei hinnen op enger Rei Autobunnen awer naturgeméiss guer net virkomme kann. Aner EU-Länner kennen zwar wéi Lëtzebuerg och eng Vitesslimitt op den Autobunnen, schaffe wéi Italien an Tschechien awer drun, fir déi lues a lues eropzesetzen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Ass der Madamm Minister déi Etude bekannt? Wéi reagéiert si op d’Resultater a wéi bewäert si d’Representativitéit?
  • Huet de Verkéiersministère oder eng aner national Institutioun am Virfeld, proaktiv oder op Nofro, Donnéeën un d’Auteure vun der Etude iwwermëttelt, fir, datt d’Resultater op méiglechst belaaschtbaren Informatioune berouen?
  • Déi meescht Verstéiss géint d’Vitesslimitt kommen der Etude no op eisen Autobunne vir, an dat jo kaum zu Stousszäiten. Entsprécht déi flächendeckend Vitesslimitt vun 130 Stonnekilometer der Madamm Minister no, nach ëmmer der Realitéit um Terrain, oder wier et un der Zäit op de Wee vu verschiddenen aneren EU-Länner ze goen, fir dës Limitt op mannst zu bestëmmten Auerzäiten an/oder op bestëmmten Abschnitter eropzesetzen?
  • Gesäit d’Madamm Minister vir, sech mat deenen EU-Länner, déi aktuell schonn op de Wee vun enger Erhéijung vun der Vitesslimitt op den Autobunne ginn, auszetauschen a vun deenen Erfarungen ze profitéieren? Falls net, firwat net?

 

Deel dëse Post: