Autonom Mobilitéit geschwënn och zu Lëtzebuerg?

Am Ausland gehéiert se am Verkéier deelweis schonn zum Alldag, zu Lëtzebuerg stécht se nach an de Kannerschong: déi autonom Mobilitéit. Trotzdeem stellen sech och hei wichteg Zukunftsfroen, notamment wéi et mat den Aarbechtsplazen an deem Beräich weidergeet. De Jeff Engelen stellt dës elo der Regierung:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

An der Gemeng Lenneng dierf déi chineesesch Taxisfirma Pony Ai aktuell zesumme mat der Lëtzebuerger Firma Emile Weber dräi autonom Gefierer testen, ënnert der Konditioun, datt e Chauffer, deen am Zweiwelsfall agräife kann, mat u Bord sëtzt. Autonom Fueren ass en Trend, deen sech am Ausland souwuel op privatem, wéi op kommerziellem Niveau séier entwéckelt. Deementspriechend stellen sech elo, wou déi Tendenz op mannst am kommerzielle Beräich lues a lues och zu Lëtzebuerg ukënnt, verschidde Froen, notamment zu den Aarbechtsplazen.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Fro stellen:

1) Huet d’Regierung sech scho mat der Fro ausernee gesat, a wéi engem Beräich Aarbechtsplazen déi an der Mobilitéit duerch den technologesche Fortschrëtt an Zukunft ewechfalen, kéinten nei entstoen, a wéi eng entspriechend Weiderbildungsmoossname sollen ugebuede ginn? Falls jo, wéi eng wieren dat? Falls net, firwat net?

 

Deel dëse Post: