Den Dan Hardy freet bei der Regierung no, firwat d’Avancë fir “Les Internats Jacques Brocquart” sou spéit iwwerwise goufen, e Problem, deen dës Asbl un de Rand vun enger Liquiditéitskris bruecht hat.
Fro:
Wéi eis zu Ouere komm ass a wéi um Site vun RTL verëffentlecht gouf, hält de Staat, duerch den zoustännege Ministère, sech net un d’Konditioune vun der Konventioun mat der Asbl “Les Internats Jacques Brocquart”. Dës Konventioun gesäit vir, dass Betribskäschten duerch periodesch Avancen ofgedeckt solle ginn. D’Joresavancë fir 2025 goufen eisen Informatiounen no awer eréischt de 07. Mäerz 2025 bezuelt – also net fristgerecht –, wat zu enger massiver Liquiditéitskris bei der Asbl gefouert soll hunn.
D’Asbl “Les Internats Jacques Brocquart” offréiert eng educativ Begleedung fir Kanner a Jugendlecher a fir Kanner am Internatsberäich. D’Verspéidung beim Iwwerweise vun den Avancen (de selwechte Problem ass eisen Informatiounen no schonns d’lescht Joer opgetrueden) bréngt d’Credibilitéit vun der Asbl géigeniwwer Donateuren, Partner a Mataarbechter a Gefor, destabiliséiert d’Gestioun, bedrot d’Qualitéit vun den ugebuedene Servicer an hat en direkten Afloss op d’Gehaltsiwwerweisunge vu ronn 150 Mataarbechter, wat e Verstouss géint d’Aarbechtsgesetz an eng onnéideg Beanträchtegung vun der finanzieller Situatioun vun de Beschäftegten duerstellt.
Laut interne Communiquéen, déi un d’Personal adresséiert goufen, huet d’Organisatioun säit Enn 2024 mam Ministère den Dialog gesicht, mee anscheinend ouni Succès. Dës mangelnd Transparenz a Kooperatioun weist entweder op eng Iwwerlaaschtung vun den zoustännege Servicer am Ministère oder op strukturell Problemer hin.
D’finanziell Lag vun der Asbl war bis zum 7. Mäerz 2025 kritesch. Ouni eng séier Bezuelung vun de staatlechen Avancë bestoung fir d‘Organisatioun de Risk vu katastrophale Konsequenze fir Mataarbechter, Benotzer a Partner. D’Ausbezuele vun den Avancen ass eréischt geschitt, nodeems d’Personaldelegatioun vun der Asbl beim Ministère intervenéiert ass.
D’Net-Respektéiere vun der Konventioun kéint eiser Aschätzung no eng Verletzung vum Gesetz vum 8. September 1998 iwwer d‘Relatiounen tëscht Staat a soziale Strukturen duerstellen, wat juristesch Konsequenze fir de Staat no sech zéie kéint.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi gedenkt den Här Minister d’Prozedure fir d’Bezuele vun Avancen un ëffentlech finanzéiert Strukturen ze reforméieren, fir retardéiert Bezuelungen, wéi am Fall vun der Asbl J. Brocquart, an Zukunft ze verhënneren?
- Wéi eng Acteuren aus dem Educatiouns- a Jugendberäich, déi eng Konventioun mam Schoulministère hunn, kruten hier Avancen dëst Joer net fristgerecht iwwerwisen (d.h. nom 15. Januar respektiv nom 01. Februar 2025)?
- Wat ass d’Positioun vum Här Minister zur juristescher Haftung vum Staat, wann d’Gehaltsiwwerweisunge bei Partnerstrukturen duerch staatlech Verspéidungen net méiglech sinn? Wéi gëtt déi Positioun deene betraffenen Associatioune matgedeelt?
- Gëtt et eng (inter)ministeriell Taskforce, déi séier Aktioune koordinéiert, wann änlech Situatioune virkommen?
- Ass am Kader vum Gesetz vum 8. September 1998 “réglant les relations entre l’Etat et les organismes oeuvrant dans les domaines social, familial et thérapeutique” (ASFT-Gesetz) virgesinn, déi finanziell Responsabilitéit vum Staat bei Konventiounsverstéiss explizitt ze reglementéieren?
- Gëtt et eng Plattform, op där ëffentlech finanzéiert Strukturen d’Echeance fir d’Bezuele vun Avancë verfollege kënnen, fir méi Kontroll an Transparenz ze garantéieren?
- Sinn Noutfallmechanismen (z.B. Garantiefongen) geplangt, fir Strukturen am soziale Secteur viru staatleche Bezuelverspéidungen ze schützen?
Äntwert:
Ad 1)
Den Artikel 12 vum ASFT-Gesetz1) hält de Prinzip fest, datt de Staat seng finanziell Bedeelegung ganz oder deelweis a Form vun halbjärlechen, véiereljärlechen oder monatlechen Avancë bezillt. Den Organismus leet dem Minister eng järlech Ofrechnung vir. D’Sommen, déi ongerechtfäerdegt vum Träger empfaange goufen, mussen un d’Staatskeess (Tresor) zeréckbezuelt ginn. Des Weidere gouf am Punkt 6 vun de Conditions générales régissant les conventions visées par les articles 11 et 12 de la loi modifiée du 8 septembre 1998 réglant les relations entre l’Etat et les organismes oeuvrant dans les domaines social, familial et thérapeutique festgehalen, datt d’Avancë follgendermoossen ausbezuelt ginn:
D’Avancë vun der, vum Staat geschätzter finanzieller Bedeelegung, ginn a véier Tranchë bezuelt:
30% am Januar (1. Avance),
30% am Abrëll (2. Avance),
20% am Juli (3. Avance),
20% am Oktober, op Basis vun engem provisoresche Semesterdecompte oder enger budgetärer Schätzung.
Wann d’Konventioun eng Prozedur fir en Zwëschendecompte virgesäit, fir eng Avance ze liquidéieren, da bestëmmt se och, wéi eng Informatiounen, Ënnerlagen a Dokumenter vum Prestataire mussen agereecht ginn.
Ad 2)
Et sief hei op d’Äntwert op d’parlametaresch Fro Nr. 2063 verwisen.
Ad 3)
Sollt et zu Ofweichunge vun der standardiséierter Prozedur kommen, esou wéi se am ASFT-Gesetz virgesinn ass, muss een am Eenzelfall analyséieren, wat de Grond vun dësem Fait ass. Do sinn ënnerschiddlech Situatioune méiglech, wéi zum Beispill, datt d’Konventiounen net ënnerschriwwe waren oder Piècen am Dossier gefeelt hunn. Sollt et duerch dës Faiten zu engem Prejudice komm sinn, muss an den Eenzelfäll d’Haftung juristesch gekläert ginn. An der Praxis ass et allerdings esou, datt déi konventionéiert Partenairen an esou Fäll hire Ministère de tutelle kontaktéieren, fir am Kader vun hirer Konventioun séier Léisungen ze fannen.
Ad 4)
Op Basis vum Artikel 14 vun der „loi dite ASFT“2) gouf 1998 eng Commission d’Harmonisation geschaf mat follgender Aufgab:
– een Avis zur „convention-type“ ze ginn, souwéi zu all Propos fir eng Ännerung dovun;
– Propositiounen, fir d’Ëmsetzung vun de Konventiounen ze maachen an am Allgemengen d’Applikatioun vun de Konventiounen ze iwwerwaachen;
– op Ufro vum zoustännege Minister Propositioune fir eng Schlichtung am Fall vun engem Sträit tëschent de Parteie virzeschloen;
– eng Analys ze maachen an en Avis zu den alljärlechen Ofrechnungen (décomptes annuels) vun de Fonctionnementskäschte vun de konventionéierte Servicer ofzeginn;
– Recommandatiounen auszeschaffe fir d’Koordinatioun an d’Plange vun den eenzelen Aktivitéiten, fir déi de Staat eng finanziell Bedeelegung gëtt, ze erméiglechen;
– all Fro betreffend d’Aktivitéiten, déi am Artikel 1 genannt ginn, ze ënnersichen – entweder op eegen Initiativ oder op Ufro vun der Regierung.
An der Praxis ass et awer och esou, datt all Konventioun verankert ass, datt déi konventionéiert Partner sech kënnen un hire Ministère de tutelle wenden, fir kuerzfristeg Léisungen op hir Problemer ze fannen. Vun dëser Méiglechkeet gëtt och dacks Gebrauch gemaach.
Ad 5)
Et sief hei op d’Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 2063 verwisen.
Ad 6)
Nee, esou eng Plattform besteet net.
Ad 7)
Wéi schonns ugedeit an der Äntwert op déi 1. Fro hält den Artikel 12 vum ASFT-Gesetz de Prinzip fest, datt de Staat seng finanziell Bedeelegung ganz oder deelweis a Form vun halbjärlechen, véiereljärlechen oder monatlechen Avancë bezilt. Den Organismus leet dem Minister eng järlech Ofrechnung vir. D’Sommen, déi ongerechtfäerdegt vum Träger empfaange goufen, mussen un d’Staatskeess (Tresor) zeréckbezuelt ginn. Dëse Prinzip stellt eng Ausnam par rapport zur Standardprozedur3) vum Staat duer, fir Depensen ze engagéieren, ze liquidéieren, ze ordonnancéieren an se ze bezuelen. Laut dëser Standardprozedur gëtt eng Depense just liquidéiert, wa virdrun eng „constatation du service fait“ realiséiert gouf. D’Feststellung vun der geleeschter Leeschtung ass heibäi den Akt, bei deem kontrolléiert a confirméiert gëtt, datt d’Liwwerung oder d’Leeschtung effektiv erbruecht gouf an doduerch eng Ausgab gerechtfäerdegt ass.
1)2) Loi du 8 septembre 1998 réglant les relations entre l’Etat et les organismes oeuvrant dans les domaines social, familial et thérapeutique.
3) En vertu des articles 19-34 de la loi du 8 juin 1999 sur le Budget, la Comptabilité et la Trésorerie de l’Etat.