De Remboursement vun Inkontinenzmaterial ass fir betraffe Leit just ënner gewësse Conditioune méiglech. Dozou huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un d’Regierung:
Fro:
An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro n° 2663 vum 13. August 2020 vun den honorabelen Deputéierte Martine Hansen, Marc Spautz a Jean-Marie Halsdorf betreffend e Forfait fir Inkontinenzmaterial hat déi deemoleg Regierung annoncéiert, datt de Ministère vun der sozialer Sécherheet déi zoustänneg Zerwisser beoptraagt hätt, „eng Analys ze maachen op et am Respekt vun den Dispositioune vum Artikel 23 vum Code vun der sozialer Sécherheet méiglech ass, eng Erweiderung vun der Prise en charge duerch d’Krankeversécherung ze maachen […]“.
An hirer parl. Fro vum 19. Oktober 2021 haten déi selwecht honorabel Deputéiert d’Regierung du gefrot, ob dës Analys schonns ofgeschloss wier an, wann nee, aus wéi engem Grond dës Analys bis dato nach net ofgeschloss wier. D’Regierung hat op déi Fro geäntwert: „Déi Analys konnt awer nach net gemaach gi well d’Gesondheetskeess e puer gréisser Projeten um Lafen hat wéi zum Beispill déi ganz Ëmsetzung vun der Digitalisatioun vun der Gesondheetskeess. A natierlech koum och e grousse Retard op wéinst der COVID-19 Pandemie.“
Säitdeem sinn iwwer dräi Joer vergaangen. Vill Mënsche sinn am Alldag op speziell Hygiènesproduiten ugewisen. Et ass aktuell esou, datt, wéi d’Regierung an hirer Äntwert op d‘parlamentaresch Fro n° 2257 vun den honorabelen Deputéierte Jean-Marie Halsdorf a Marc Spautz geschriwwen hat, d’Krankeversécherung just ënnert bestëmmte Konditiounen d’Fraise fir d’Wëndelen iwwerhëlt, sou zum Beispill fir Leit iwwer 18 Joer, déi vum Spina-bifida betraff sinn an dauerhaft inkontinent sinn. D’Fro, ob d’CNS dës Käschten an Zukunft grondsätzlech iwwerhëlt, ass fir vill Bierger vu grousser Bedeitung.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Gouf déi ugekënnegt Analys mëttlerweil duerchgefouert?
- Falls jo, zu wéi engem Resultat ass d’Regierung komm?
- Falls nee, firwat gouf dës Analys bis dato nach net ofgeschloss a wéini ass mat enger Entscheedung ze rechnen?
- Ginn et konkret Pläng, Mënsche mat Inkontinenz ausserhalb vun der Fleegeversécherung a vun deenen aneren aktuellen Dispositioune finanziell ze entlaaschten?