Aarmut ass en Noutfall zu Lëtzebuerg: Wéi gesäit et aus mat den Asbl?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an un den Familljeminister  weiderzeleeden.

 

Bannent deene leschte Méint huet d’Regierung gläich e puer Mol widderholl, datt se d’Aarmut am Land verstäerkt bekämpfe wëll. An deene leschte Woche waren eng ganz Partie Artikelen an der nationaler Press iwwert de Manktem u Plazen an de respektiven Dag- oder Nuetsfoyeren.

Esou ass zum Beispill mat déi gréissten Organisatioun, d’ASBL Stëmm vun der Strooss z’Joer un hir Grenze gestouss, 2024 huet “d’Stëmm” am ganze 14.925 Persoune betreit, dat sinn der esouvill wéi nach ni virdrun.  Op alle Fall weisen déi aktuell Zuelen datt d’Aarmut hei zu Lëtzebuerg klëmmt a weider Mesüre musse geholl gi fir Leit déi an Nout sinn adequat ze versuergen. Dobäi fält op datt eng Rei Associatiounen déi zënter Joren um Terrain aktiv si a prett si fir verstäerkt ze hëllefen, keng reegelméisseg staatlech Ënnerstëtzung.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

 

  1. Vu datt d’Stëmm vun der Strooss 2024 un hir Grenze gestouss ass, missten net nach aner Associatioune verstäerkt ënnerstëtzt ginn fir vun Aarmut betraffe Leit ze versuergen?
  2. Firwat ass am Plang vun der Regierung géint d’Aarmut, d’ASBL “Stroossenenglen” net matabezu ginn?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: