Gëtt d’Léierpersonal iwwerhaapt an d’Debatt ëm LGBTQ-Inhalter an de Schoulen abezunn? Den Tom Weidig huet dozou e puer Froen un de Schoulminister.
Fro:
D’Debatt ëm LGBTQ-Themen an de Schoulen huet an de Medien an an der Ëffentlechkeet héich Welle geschloen. Den 28. Januar 2025 gouf an der Chamber iwwer déi zwou betreffend Petitioune mat jeeweils zirka 10.000 Ënnerschrëften a Presenz vun de Petitionären diskutéiert. Wärend d’Petitioun 3198 d’Iwwerleeung zum Ausdrock bruecht huet, bei den LGBTQ-Sujete wier et un den Elteren ze decidéieren, ob a wéini hir Kanner domat confrontéiert ginn, huet d’Géigepetitioun 3281 gefuerdert, dës Inhalter nach méi wéi bis elo an de Schoulen ze thematiséieren, an dat onofhängeg vun der Wiel vun den Elteren.
Et ass dobäi awer onkloer bliwwen, a wéiwäit dës zweet Petitioun och wierklech de Wëlle vun deene Leit reflektéiert huet, déi an hirer alldeeglecher berufflecher Praxis direkt vun der Diskussioun betraff sinn: d’Léierpersonal aus de Primärschoulen a Lycéeën.
Et ass dofir net verwonnerlech, datt mir am Uschloss un dës Debatt ugeschwat goufe vun enger Rei vu Léierpersounen, déi hir Suerg zum Ausdrock bruecht hunn, si hätte scho genuch aner Problemer mat de Schüler a wieren net bereet, och nach iwwer komplex Sujete wéi aner Geschlechtsidentitéiten a sexuell Orientéierungen, déi kloer eng Majoritéit net direkt betreffen, ze schwätzen. Si wieren och guer net gefrot ginn, ob si iwwerhaapt bereet wieren, iwwer dës Sujete mat Kanner a Jugendlechen ze schwätzen.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Ass d’Léierpersonal aus de Primärschoulen a Lycéeën an der Fro no méi oder manner LGBTQ-Inhalter an de Schoule consultéiert ginn oder wäerte si consultéiert ginn?
- Kann den Här Minister preziséieren, ob geplangt ass, eng anonym Ëmfro ze maachen, déi Opschloss doriwwer soll ginn, wéi d’Léierpersonal zur Fuerderung steet, déi an der Petitioun 3281 erhuewe gouf?
- Huet d’Léierpersonal grondsätzlech e Vetorecht, wann et ëm d’Fro geet, ob extern Leit, z.B. Vertrieder vun LGBTQ-Gruppen, an hir Klasse komme sollen? Wier et net un hinnen, fir ze entscheeden, ob sou Sujeten an hirer Klass thematiséiert sollte ginn?
- Ass d’Léierpersonal ëmmer present, wann extern Leit, z.B. Vertrieder vun LGBTQ-Gruppen, an hir Klass kommen a virun hire Kanner schwätzen?
- Kann d’Léierpersonal agräifen, wa si der Meenung sinn, datt déi extern Persoun eppes seet, wat hirer Meenung no falsch ass, wou och aner Meenungen an der Gesellschaft existéieren, oder wa verschidde vun hire Kanner net prett si fir dee Sujet?
Äntwert:
Ech weisen den honorabelen Deputéierte fir d’éischt drop hin, datt ech d’Positioun vun der Regierung zu der Fro vun der sexueller Bildung an der Schoul den 28. Januar an der Diskussioun ronderëm d’Petitiounen Nr. 3198 an Nr. 3281 an der Chamber kloer gemaach hunn. Doriwwer eraus ass et esou, datt zu Lëtzebuerg d’Schoulprogrammer ëmmer an Zesummenaarbecht mat den Enseignanten an de Programmkommissiounen vum Enseignement secondaire an vum Enseignement fondamental ausgeschafft ginn.
Bei Materialien oder Interventiounen vun externe Prestatairen ass et och esou, datt d’Initiativ bei den Enseignanten läit. Interventioune vun externe Leit an der Schoul mussen doriwwer am Enseignement fondamental ëmmer am Virfeld vum Buergermeeschter autoriséiert ginn; am Enseignement secondaire ass de Lycéesdirekter dofir zoustänneg.
Bei Interventioune vun externe Leit ass d’Léierpersonal och ëmmer present a suergt dofir, datt all Inhalter konform sinn zum Buschtaf an zum Esprit vun de Léierpläng, déi op de grousse Prinzippie baséieren, déi am éischten Artikel vun eisem Gesetz iwwert d’Schoulflicht (Loi du 20 juillet 2023 relative à l’obligation scolaire) festgehale sinn. Grad am aktuelle Kontext ass et vläicht net vu Muttwëll, dës Prinzippien eng Kéier ze widderhuelen:
« Tout enseignement contribue à transmettre à la personne qui en bénéficie, outre les connaissances et les compétences, le respect de soi et de son identité, le sens des responsabilités, le respect d’autrui, le respect du pluralisme des opinions et des convictions, le respect des valeurs d’une société démocratique fondée sur les droits fondamentaux et les libertés publiques, le respect de la culture nationale, le respect du pluralisme des cultures et le respect du milieu naturel. Il favorise l’épanouissement et l’autonomie de la personne, sa créativité, la confiance en ses capacités, le développement de ses dons et de ses aptitudes mentales et physiques, et ce dans la mesure de ses potentialités, sans distinction aucune. Il lui permet d’acquérir une culture générale et le prépare aux études ultérieures et à l’apprentissage tout au long de la vie, à la construction de sa propre vie et de la vie en société, à la vie professionnelle et sociale et à l’exercice de ses droits et de ses responsabilités de citoyen dans une société démocratique libre, et ce dans un esprit de compréhension, de paix, de respect, d’égalité entre les genres et d’amitié entre tous les peuples et groupes ethniques, nationaux, philosophiques et religieux. Il permet à la personne qui en bénéficie d’acquérir une culture dans la société contemporaine de l’information et de la communication et lui permet d’observer et de comprendre la société d’aujourd’hui et de demain ainsi que d’en saisir le fonctionnement et les enjeux qui l’attendent. »