Intern Kommunikatiounsreegelen an der Regierung

De Gesondheetsministère huet X (Twitter) verlooss, d’Regierung selwer ass nach drop. Dozou huet den Tom Weidig e puer Froen un de Premier.

Fro:

D’Regierung huet en offiziellen Account op X (Twitter), grad wéi och déi meescht Ministèren. Allerdéngs ass de Gesondheetsministère vun X erofgaangen. Wat d’Benotze vun der kontroverser “Genderprooch” ugeet, sou léisst sech feststellen, datt déi meescht Ministèren dorop verzichten, wärend de MEGA se benotzt.

Laut Verfassung suergt de Premierminister fir Kohärenz an der Regierungsaktivitéit. Sou heescht et am Artikel 91 vun der Verfassung:

“Le Premier ministre coordonne l’action du Gouvernement et veille au maintien de l’unité de
l’action gouvernementale.”

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Premierminister:

Gëtt et bannent der Regierung keng gemeinsam Ofsprooch, wat d’Presenz oder Net-Presenz vun den eenzele Ministèren op de soziale Medien an d’Benotzen oder Net-Benotze vun der kontroverser “Gendersprooch” ugeet? Wann net, misst hei den Här Premierminister net senger Koordinatiounsflicht nokommen a fir gemeinsam Kommunikatiounsreegele bannent der Regierung suergen?

 

Deel dëse Post: