Vetragsbroch duerch déi franséisch Regierung?

Lëtzebuerg leet 220 Milliounen Euro zum Ausbau vun der franséischer Schinneninfrastruktur an der Groussregioun bäi. Profitéiere sollen an éischter Linn d’Frontalieren. Ausgerechent de Buergermeeschter vu Metz beklot sech awer lo, datt d’Regierung zu Paräis hirem Deel vun der Vereenbarung net nokënnt. Wéi reagéieren eis zoustänneg Ministeren?

Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bausseminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 220 Milliounen Euro um Infrastrukturausbau vum franséische, grenziwwerschreidende Schinneverkéier. Wéi den 30. Januar am Essentiel ze liese war, huet de Buergermeeschter vu Metz allerdéngs säi Mëssfalen doriwwer ausgedréckt, datt Finanzéierungszousoe vu Säite vun der franséischer Regierung net agehale ginn. Sou sinn an enger éischter Etapp 58 Millioune vu Lëtzebuerger, souwéi 54 Millioune vu Säite vun der Regioun Grand-Est an déi verschidde Projete gefloss. De franséische Staat huet sech bis ewell just mat 4 Millioune bedeelegt, obwuel der Zeitung no eng gläichméisseg Ënnerstëtzung duerch d’Regioun souwéi de franséischen Zentralstaat, an Héicht vu jeeweils 50 Prozent vun der Lëtzebuerger Bedeelegung virgesinn ass. Och de Protokoll vu Paräis, deen zu Lëtzebuerg duerch d’Gesetz vum 7. September 2018 souwéi den entspriechende Follgetexter an nationaalt Recht ëmgesat gouf, gesäit eng Opdeelung vun de Gesamtkäschte fir den Ausbau op franséischer vu jeeweils 50 Prozent fir de Staat Lëtzebuerg, souwéi déi franséisch Institutioune vir.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Regierung d’Aussoe vum Metzer Buergermeeschter souwéi déi allgemeng Duerstellung am Artikel bestätegen?
  • Kann d’Regierung elaboréieren, ob a falls jo wéi wäit déi franséisch Regierung mat hire Finanzéierungszousoen hannendra geroden ass? Gesäit d’Regierung vir, gegeebenefalls bei hire franséischen Homologen ze intervenéieren?
Deel dëse Post: