Wouhier kommen déi vill Nuetsflich um Findel?

2024 gouf et um Findel iwwer 3000 Nuetsflich. Dat geet awer nëmmen ënner bestëmmte Konditiounen. Wat waren déi wichtegst Ursaache fir déi eenzel Flich?

Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Verschiddene Presseartikelen no gouf et 2024 knapp iwwer 3000 Nuetsflich um Findel. D’Ausnamen, wéi eng Flich no de regulären Operatiounszäiten tëschent 23:00 a 06:00 op eisem nationale Fluchhafen dierfe starten a lande sinn am Artikel 13 Punkt 1., vum modifizéierte groussherzogleche Reglement vum 24. Mee 1998 iwwert d’Konditioune vum techneschen an operationelle Fonctionnement vum Findel gereegelt.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi déi 3000 Nuetsflich vum Joer 2024 sech am Sënn vum virdru genannte groussherzogleche Reglement pro Mount op déi eenzel Kategorië verdeelen?

Deel dëse Post: