Wat Bëschbesëtzer hir Proprietéit no gewësse Krittäre bewirtschaften, kënnen si Primme ufroen. Wéi vill vun dëse Primmen goufen an de leschte Joren iwwerhaapt ugefrot an ass séchergestallt, datt d’Bëschbesëtzer och doriwwer Bescheed wëssen? De Jeff Engelen huet nogefrot.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.
Zu Lëtzebuerg gi Klimabonus-Bäihëllefen u Privatleit ausbezuelt, wann dës hire Bësch no ökologesche Krittäre bewirtschaften. Zanter Ufank 2023 besteet en digitale Bäihëllefe-Simulator fir Ökosystemleeschtungen fir Bëschbesëtzer, deen an Zesummenaarbecht tëscht der Klima-Agence, dem Ëmweltministère an der Naturverwaltung (ANF) ausgeschafft gouf.
An deem Zesummenhank hätt ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi vill privat Bëschbesëtzer hunn – opgeschlësselt no de Joren 2022, 2023 an 2024 – eng Klimabonus-Bäihëllef ugefrot fir d’Bewirtschafte vun hirem Bësch? Wéi vill vun dësen Demandë goufen – och opgeschlësselt no de leschten dräi Joer – accordéiert?
- Wéi héich war d’Gesamtzomm – och opgeschlësselt no de leschten dräi Joer – vun den ausbezuelte Klimabonus-Bäihëllefe? Am Fall vun engem Refus vun der Demande: Wat waren d’Grënn fir de Refus vun der Demande?
- Ass an den Ae vum Här Minister festzestellen, datt d’Zuel vun den Demande an d’Luucht gaangen ass, nodeems zanter Ufank 2023 en digitale Bäihëllefe-Simulator fir Ökosystemleeschtungen fir Bëschbesëtzer besteet?
- Huet den Här Minister Informatiounen doriwwer, wéi d’Erfarunge vun all deene concernéierten Acteure sinn, déi mam digitale Bäihëllefe-Simulator ze dinn hunn, respektiv, ob dëse Simulator eng wierklech Plus-value mat sech bréngt an déi administrativ Demarche vereinfacht?
- Ass an den Ae vum Här Minister séchergestallt, datt privat Bëschbesëtzer integral iwwert deen zanter Ufank 2023 bestoenden digitale Bäihëllefe-Simulator Bescheed wëssen?
Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen – Deputéierten