Wéi weider mam Space Mining?

An de Jore virun der COVID-Situatioun huet déi deemoleg Gambia-Regierung déi nei Chance vun der Weltraumfaart, notamment den orbitale Biergbau reegelrecht gehypt. Eng deier Faillite vu Space Resources an e puer Joer méi spéit ass ëm d’Thema Weltraum zu Lëtzebuerg ganz roueg ginn. Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet déi sougenannt “Luxembourg Space Week” genotzt, fir bei der Regierung nozehaken, wéi wäit de Weltraum fir eist Land iwwerhaapt nach aktuell ass.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ekonomieminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Esou wéi et am Artikel “Nebulöse Visionen, wenig Neues”, deen den 2. Dezember an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek publizéiert gouf, ze liese war, ass de “Space Mining” wärend der “Lëtzebuerger Space Week” kaum méi thematiséiert ginn, obwuel Lëtzebuerg an der Vergaangenheet Millioune vu Steiersuen an de Grapp geholl hat, fir an dësem Beräich eng Virreiderroll anzehuelen.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
1) Kann d’Regierung hir Positioun souwéi hire Fuerplang fir de Space Mining presentéieren?
2) Wéi eng national Initiativen a Projeten am Beräich Space Mining ginn aktuell vun der Regierung ënnerstëtzt?
3) U wéi engen internationalen Initiativen a Projeten am Beräich Space Mining ass Lëtzebuerg aktuell bedeelegt?
Mat déiwem Respekt,

Tom Weidig
Deputéierten

Deel dëse Post: