A senger Interventioun vum 4. Dezember schwätzt de Jeff Engelen iwwert d’COP29 zu Baku. Den Nord-Deputéierte betount, datt net eleng d’Logik vum Spenden zwangsleefeg zu enger Reduktioun vun den CO2-Emissioune féiert. Et gëllt wirtschaftlech Ureizer ze schafen, fir datt grad déi méi aarm Länner fräiwëlleg op de Wee vu méi Natur- a Klimaschutz ginn. Op Lëtzebuerg bezunn, kann een Natur- a Klimaschutz awer net ugoen, wann eist Land weider an deem Tempo wiisst: Och d’Flächeversiggelung an d’Zoubetonéiere vum Land droen hiren Deel dozou bäi, datt et ëmmer méi heefeg zu Iwwerschwemmunge kënnt.