Haislech Gewalt: e bësse méi Statistiken

Hei fannt dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Famill, fir d’Solidaritéit, fir d’Zesummenliewen a fir den Accueil weiderzeleeden.

Gewalt géint Fraen ass inakzeptabel, an ëmmer méi Fraen hunn de Courage, dës Form vu Gewalt ze denoncéieren. Ënnert dëser Gewalt leiden och ganz heefeg a ganz besonnesch d’Kanner vun de betreffende Koppelen. Awer och bei Koppelen ouni Kanner féiert dës Gewalt zu ganz komplizéierte Situatiounen. D’Gewalt an heterosexuelle Koppelen ass méi oder manner statistesch erfaasst, fir gläichgeschlechtlech Koppele ginn et awer keng konkret a fiabel Zuelen.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Ginn et Statistiken, déi beleeën, gestaffelt op déi lescht 5 Joer, wéi dacks eng Persoun d’Police ugeruff huet, déi Affer vu Gewalt an enger gläichgeschlechtlecher Koppel gouf? Wa jo, wéi dacks koum et doropshin zur Expulsioun vun der ugekloter Persoun?
  • Wéi verhale sech dës Zuelen zu deenen Zuelen, déi sech op Gewalt an heterosexuelle Koppele bezéien?
  • A wéi ville Fäll ware Kanner vun dëser Situatioun betraff? Wat gouf ënnerholl, fir dës Kanner virun der Gewaltbereetschaft vun der accuséierter Persoun ze beschützen?
  • Wéi dacks huet et sech ëm ‘’falschen Alarm’’ gehandelt, bzw. wéi dacks gouf eng Persoun zu Onrecht accuséiert, haislech Gewalt ausgeüübt ze hunn?
  • Geet d’Regierung dervun aus, datt kulturell Ënnerscheeder am Hibléck op Geschlechterrollen en Impakt hu souwuel op d’Bereetschaft zu physescher Gewalt wéi och op d’Bereetschaft, dës Gewalt ze mellen?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: