Genderzwang op der Uni Lëtzebuerg: zweet Nofro

Offiziell gëtt et keen Genderzwang fir Studente vun der Uni Lëtzebuerg. Mee mat dësem “offiziell” gi sech de Fred Keup an den Tom Weidig net zefridden.

Fro:

An der Äntwert vun der Madamm Minister fir Fuerschung an Héichschoul op eis parlamentaresch Fro Nr. 1450 vum 30. Oktober 2024 heescht et: „Laut den Informatiounen, déi d’Universitéit Lëtzebuerg dem Ministère fir Fuerschung an Héichschoul zoukomme gelooss huet, ass d’inklusiv Sprooch Deel vun der Universitéit hirem Engagement am Kader vun der Geschlechtergläichheetspolitik. Et géifen awer keng offiziell Richtlinnen, déi dës Sprooch géifen an der Kommunikatioun tëschent Mataarbechter a Studenten imposéieren.“ Deemno wier et de Studenten och „net formal“ verbueden, am Kader vun hiren Aarbechten/Prüfungen/Examen op d’Genderen ze verzichten.

An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Obschonns d’Ofwäerte wéinst Net-Genderen net vun “offizielle Richtlinnen” gedeckt ass, ass d’inklusiv Sprooch Deel vun der Universitéit hirem Engagement am Kader vun der Geschlechtergläichheetspolitik“. Wéi steet d’Madamm Minister zur Iwwerleeung, datt dës hybrid Situatioun dozou féiere kéint, datt verschidde Studenten, déi vu sech aus géint d’Gendere sinn, sech genéidegt fille kéinten ze genderen, fir sech net dem „Engagement“ vun der Uni ze verweigeren, datt et op der Uni Lëtzebuerg also, wa scho keen explizitten, sou dach en implizitten Genderzwang gëtt?
  • D’Madamm Minister schreift, et wier de Studenten „net formal“ verbueden, am Kader vun hiren Aarbechten/Prüfungen/Examen op d’Genderen ze verzichten. Geet d’Madamm Minister net dervun aus, datt e Student, dee fir seng Aarbechten/Prüfungen/Exame vernënftegerweis déi bescht Benoutung ustrieft, d’Optioun „net formal verbueden“ sënngeméiss als „net recommandéiert“ interpretéiert?
  • D’Madamm Minister schreift: „Falls ee Student deemno erwisenermoosse wéinst dem Gebrauch vun der ‚klassescher‘ Sprooch géif Punkte verléieren oder eng Epreuve net packen, kéint hien d’Commission des litiges (…) saiséieren.“ Ass et an deene meeschte Fäll awer net problematesch bis onméiglech ze beweisen, dass effektiv de Verzicht op d’Gendersprooch de Grond derfir war, datt e Student Punkte verluer oder seng Epreuve net gepackt huet?
  • Wéi steet d’Madamm Minister zur Iwwerleeung, datt de Begrëff „inklusiv Sprooch“, wéi en hautdesdaags „à tort et à travers“ benotzt gëtt, per se eng Devaloriséierung vun der Standardsprooch implizéiert an domat ugeluecht ass, fir Studente vun dëser „normaler“ Sprooch ofzehalen?

Deel dëse Post: